Mol

Unitéit am Internationalen Eenheetesystem
Dës Säit beschäftegt sech mat der internationaler Eenheet Mol. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mol (Homonymie).

D'Mol (symb: mol) ass eng Unitéit am Internationalen Eenheetesystem, déi haaptsächlech an der Physik an an der Chimie gebraucht gëtt. Bei engem Mol handelt et sech ëm déi Quantitéit vun enger Matière vun engem System, deen aus grad souvill Eenzeldeelercher (Atomer, Moleküllen, Ionen, Elektronen,...) besteet, wéi et Atomer an 12 Gramm vum Kuelestoff-Nuklid 12C gëtt.

Dës Zuel vun Entitéiten ass: NA = 6,0221415 × 1023 mol−1.

Dat ass eng Zort Konstant, déi vum Amedeo Avogadro festgeluecht gouf. Dofir ass d'Zuel vun Entitéiten an engem Mol och no him Avogadro-Zuel benannt ginn.

Vereinfacht gesot ass e Mol eng Unitéit vum selwechte Genre wéi z. B. eng Dosen. Zwou Dosen Eeër sinn 2 × (12) = 24 Eeër. An zwou Molen Eeër sinn 2 × (6,0221415 × 1023) = 12,044283 × 1023 Eeër, also ronn 1204 Trilliarden Eeër. Bei dësem Verglach gëtt och däitlech, firwat een eng Quantitéit Eeër éischter an Dosen ausdréckt an eng Quantitéit Atomer oder Moleküllen éischter a Molen.

Um Spaweck änneren