HaaptsäitBléck/Archiver
Hei drënner ass d'chronologesch Lëscht vun de Biller, déi dëser Méint op der Haaptsäit ze gesi sinn oder waren. Si ginn duerch eng Schabloun, déi d'Wochenzuel an d'Joreszuel als Variabel huet, automatesch all méindes moies um 0:00 UCT frësch do agebaut. Aktuell ass dat z. B. d'Schabloun:Bléck 2024 17.
Et gëtt keng rigid Krittäre wat fir Biller do hi sollen, mä déi hei Punkten sollen eng Orientéierung bidden:
- Qualitéit: d'Bild soll vu méiglechst gudder Qualitéit sinn, d. h. virzuchsweis eent, wat als "Quality Image", wann net souguer "Featured Picture" oder "Valued Picture" op Commons distinguéiert gouf;
- Ofwiesslungsräichtum: D'Biller solle méiglechst wäitleefeg déi sëlleg enzyklopedesch Gebidder ofdecken, a vu Woch zu Woch eppes "total aneschters" weisen;
- Bezuch op Artikel: Wann iergendwéi méiglech, soll d'Bild op en Artikel/op Artikelen zum Sujet verlinken, quitt datt deen Artikel virun der Publikatioun nach séier geschriwwe muss ginn;
- All puer Wochen e spezifesch "lëtzebuergesche" Sujet: reegelméisseg soll ee Bild ausgesicht ginn, dat op dat verweist, wat dës Wikipedia vun aneren ënnerscheet: méiglechst genee Informatiounen mat Bezuch op Lëtzebuerg an op Lëtzebuergesch ze fannen.
- Aktualitéitsbezuch: Bei Biller vu Persounen, Wierker oder Evenementer kann et nëtzlech sinn, dës fir déi Woch virzegesinn, an déi de Joresdag vun der Gebuert/vum Doud vun där Persoun oder dem Kënschtler, oder vum Evenement, fält, dat ëm sou méi bei 'ronne' Joren.
Hei ass d'Schabloun, fir déi eenzel Biller ze preparéieren: Schabloun:BléckBild.
Biller-Reserv fir méi spéit änneren
Dir hutt e flott Bild op Commons gesinn, oder eng Iddi fir eent zu engem lëtzebuergeschen Theema? > Drot et hei an <, sou datt se vun do no an no an d'Schablounen ënnendrënner agebaut kënne ginn.
Archiv
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014
2015 - 2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014
2015 - 2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024
2024 änneren
… d'Buerg Karlštejn, an Tschechien.
… de Musée national des mines, hannen d'Minière Walert.
… e Bamkiewerlek (Aulacophora indica) um Blat vun enger Nepaleesescher Eller (Alnus nepalensis).
… e Marchandisenzuch ënnerwee vun Antofagasta a Richtung Bolivien, tëscht San Pedro an Ascotan, am Chile. Am Hannergrond, de Vulkan San Pedro.
… de Lake Hillier op der Insel Middle Island, en Deel vum Recherche-Archipel am Bundesstaat Western Australia.
… d' École nationale pour adultes, um Geesseknäppchen.
… La Bohémienne endormie vum Henri Rousseau.
… Granatäppel (Punica granatum) an e Glas Jus dovunner.
… Moni Rousanou, eent vun de Meteora-Kléischter a Griicheland.
… den Homer an d'Mus Kalliope um réimesche Mosaik vu Viichten (haut am Nationalmusée um Fëschmaart).
… d'Iguazú-Waasserfäll.
… e Bumerang.
… de Liichtschacht a Form vun enger Ramp am Solomon R. Guggenheim Museum zu New York.
… Wantermueren vum Dominique Lang,
gebuer virun 150 Joer, de 15. Abrëll 1874. … de Michel Welter (gestuerwe virun 100 Joer, den 22. Abrëll 1924),
an der Chamber / am Gouvernement. Karikatur vum Pierre Blanc. … Skarabeeë vun der Aart Cetonia aurata op enger Dëschtel (Carduus sp.).
… den Zentrum vu Pittsburgh.
… d'cheemescht Element Koffer (Cu).
… Stonehenge.
… Veianen, 1643, vum Matthäus Merian.
… e Schnéileopard.
… e Putsch Kotteng.
… d'Dummeldenger Schlass.
|
… d'Bierger Moltbærtinden a Breiflogtinden viru Reinevågen op Moskenes, enger Insel vun de Lofoten.
… de Boeing 747-8R7F (LX-VCF) vun der Cargolux am Juni 2021, mat adaptéiertem Design fir un d'sanitär Reegele wärend der COVID-19-Pandemie z'erënneren.
… eng Molerin am indeschen Duerf Odisha.
… Echium candicans op Madeira.
… d'Buerg vu Valère virum Haut de Cry.
… déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard.
… e Schwaarm vun Macroramphosus scolopax.
… d'Neue Nationalgalerie zu Berlin.
… Alphorn-Bléiser op der Seiser Alm.
… Meleagris ocellata (Männchen).
… den Auditorium vun der Villa Louvigny.
… Räisterrassen zu Batad, an Indonesien.
… d'Gebuert vun engem Kallef.
… de Balkhash-Séi am Kasachstan.
… d'Kathedral vu Vilnius.
… eng Glasmolerei (1903) vum Pierre Linster.
… en Diamant.
… de Baikal-Séi am Wanter.
… e Billjee vu fënnef Frang, vun 1914.
|