De Schnéileopard (Panthera uncia) ass eng Grousskaz (Pantherinae), déi an den zentralasiatesche Bierger lieft. Säi Liewensraum ass vum Himalaya am Nepal an an Indien am Süde bis an d'Altai- an d'Sajanbierger a Russland am Norden, souwéi vum tibeteschen Héichland am Osten bis an d'Pamirbierger, den Hindukusch an d'Tianshan-Bierger am Westen. E gläicht engem Leopard, huet awer e méi laangt, meeschtens grot Fell, dat am Wanter besonnesch déck ass. Anescht wéi soss Grousskaze brëllt de Schnéileopard ni. Och seng relativ kuerz Schnëss an den extreem laange Schwanz ënnerscheeden e vun anere Groousskazenaarten.

Schnéileopard
E Schnéileopard

E Schnéileopard
E Schnéileopard
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Kazen
Ënnerfamill: Grousskazen
Gattung: Panthera
Wëssenschaftlechen Numm
Panthera uncia
(Schreber, 1775)

De Schnéileopard lieft als Eenzelgänger an erniert sech virun allem vu mëttelgroussen Houfdéieren a Knabberdéieren aus de Bierger. E lieft a fielsege Biergregiounen bis op 6.000 Meter Héicht. Duerch Wëllerei an de Réckgank vun den Déieren, déi e frësst, ass de Schnéileopard staark menacéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Panthera uncia – Biller, Videoen oder Audiodateien