De Gum-Katalog ass en astronomesche Katalog mat 84[1] Emissiounsniwwel op der südlecher Hemisphär. Hie gouf um Mount Stromlo Observatoire duerch den australeschen Astronom Colin Stanley Gum (1924-1960) op Basis vun Date vu Wäitwénkelfotografie zesummegestallt.

De Gum hat säi Wierk am Joer 1955 an enger Studie mam Titel A study of diffuse southern H-alpha nebulae publizéiert, deen eng Zesummestellung vu Niwwelen oder Associatioune vun Niwwelen ass. Änlech Zesummestellunge sinn de Sharpless-Katalog an den RCW-Katalog, woubäi entspriechend vill Objeten an dësen och opgefouert sinn.

De Gum-Niwwel ass nom Colin Stanley Gum genannt, deen och vun him entdeckt gouf an am Gum-Katalog d'Nummer 12 dréit. Et ass en Emissiounsniwwel an de südleche Stärebiller Vela an Puppis.

Beispiller änneren

Auszuch vu Beispiller vum Gum-Katalog aus dem Joer 1955; E Klick op d'Bild liwwert d'Bildbeschreiwung, déi meescht stamen entweeder vun ënnerschiddlechen Amateurastronomen, dem Europäesche Südobservatoire, der ESA oder der NASA

Gum Numm Bild aner Bezeechnungen
Gum 4 NGC 2359   Helm vum Thor, Gum 4, Sharpless 298, NGC 2359
Gum 16 Vela-Supernova Gum 16, Vela Supernova Remnant
Gum 29 RCW 49   Gum 29, RCW 49
Gum 60 NGC 6302   Sh2-6, NGC 6302, Bug Nebula,

PK 349+01 1, Butterfly Nebula, RCW 124, Caldwell 69

Gum 64 NGC 6334   ESO 392-EN 009, Sharpless 8, RCW 127, Gum 64, NGC 6334
Gum 66 NGC 6357   Sh2-11, NGC 6357, RCW 131, Gum 66, War and Peace Nebula
Gum 72 Lagunenniwwel   Sh2 25, RCW 146, Gum 72, Messier 8
Gum 76 Trifidniwwel   Sh2 30, M20, NGC 6514, RCW 147, Gum 76
Gum 81 Omeganiwwel   Omega Nebula, M17, NGC 6618, Swan Nebula, Sharpless 45, RCW 160, Gum 81
Gum 83 Adlerniwwel   Sh2 49, Messier 16, NGC 6611, RCW 165, Gum 83

Komplett Lëscht änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Bildquelle vum Gum-Niwwel änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. The Gum Catalog at Galaxy Map Archivéiert op 2013-07-16. Gekuckt de(n) 2013-06-06.