Vela-Supernova
Stärebild Vela
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 08h 35m 20.66s
Deklinatioun - 45° 10' 35.2"
visuell Magnitude + 12 mag
Distanz 815±98 Lj

D'Vela-Supernova ass eng Supernova, déi op enger Distanz vun 250 Parsec am südleche Stärebild Vela viru ronn 11.000-12.300 Joer entstanen ass.

Röntgen-Himmelsduerchmusterung (GLAST)

Aus dem Virgängerstär ass duerch d'Supernova, de Vela-Pulsar entstanen, dee vun den Astrome vun der Universitéit vu Sydney am Joer 1968 als den éischten direkte Beweis vun engem Neutronestär als Resultat vun enger Supernova observéiert gouf, an zum aneren huet dee vun der Supernova an de Raum geschleiderte Gas e Supernovarescht, de sougenannte Vela-Niwwel gebilt, deen eng Ausdeenung vu 35 Parsec oder ronn 100 Liichtjoer huet; zum Supernovarescht gehéiert och de Bläistëftniwwel.

De Supernovarescht iwwerlappt sech visuell mat deem vun Puppis A, deen awer véiermol méi wäit ewech ass. D'Vela-Supernova eng vun de Supernovaen déi no bei der Äerd leien. Nëmmen déi al Supernova aus där de Geminga-Pulsar entstanen ass, läit eppes méi no a méiglecherweis och déi 1998 entdeckt RX J0852.0-4622, déi sech wéi d'Puppis A mat der Vela-Supernova iwwerlappt. D'Vela-Supernova, Puppis A an d'Geminga gehéieren zu den hellsten Himmelsobjeten am Röntgenberäich.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren