Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.

Date vum Omeganiwwel
Messier 17: den Omeganiwwel oder Schwanenniwwel
Objettyp Emissiounsniwwel (Typ H-II)
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 118h 20m 48,00s
Deklinatioun -16° 11' 00,0"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +6,00 mag
Wénkelduerchmiesser 11,0'
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Sagittarius-Carina Aarm (Mëllechstrooss)
Distanz zirka 5.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet -7,0M
Absolutten Duerchmiesser zirka 40 Liichtjoer
Radialvitess  
Geshicht
Entdecker J.-P. de Chéseaux
Entdeckungsjoer 1745
Katalogbezeechnungen
Messier 17, NGC 6618

Hie gëtt duerch d'Stralung vun de bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis rosae Faarftoun. E läit am Sagittarius-Aarm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Matièreusammlung dogéint erstreckt sech wäit weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien