De Johannes Kepler och Johann Keppler [ˈkʰɛplɐ], och Ioannes Keplerus, gebuer de 27. Dezember 1571 zu Weil der Stadt, a gestuerwen de 15. November 1630 zu Regensburg, war en däitschen Astronom, Astrolog, Mathematiker a Biophysiker.

Johannes Kepler
Gebuer 27. Dezember 1571 jul.
Weil der Stadt
Gestuerwen 15. November 1630
Regensburg
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Naturalist, Astrolog, Mathematiker, Astronom, Musikolog, Physiker, Kosmolog, Musekstheoretiker, Philosoph, Schrëftsteller, Enseignant, Erfinder
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei

En huet déi dräi Gesetzer vun de Planéitebeweegungen entdeckt, déi no him benannt goufen (Gesetzer vum Kepler).

Säi Liewen änneren

De Kepler war keeserleche Mathematiker an huet zu Tübingen, Graz, Linz, Ulm, Prag a Sagan geschafft.

Fir un de Kepler z'erënneren, gouf eng Strooss um Kierchbierg, d'Rue Kepler, no him genannt.

D'Gesetzer vun de Planéitebeweegungen änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gesetzer vum Kepler.

D'Gesetzer vum Kepler Gesetzer beschreiwen d'Planéitebunnen als Ellipsen an erkläre firwat d'Bunngeschwënnegkeet vun de Planéiten ëmmer méi grouss gëtt, wat si méi no bei d'Sonn kommen. Bei der Opstellung vu senger Theorie huet de Kepler op Moossunge vum Tycho Brahe zeréckgegraff.

Seng Wierker änneren

 
Epitome astronomiae copernicanae, 1618
  • Mysterium Cosmographicum (1596)
  • Ad Vitellionem Paralipomena quibus Astronomiae pars optica traditur...... (1604)
  • De Stella nova in pede Serpentarii (1604)
  • Astronomia Nova (1609)
  • Dioptrice (1611)
  • Nova stereometria doliorum vinariorum (1615)
  • Epitome astronomiae Copernicanae (1618 - 1621, 3 Deeler)
  • Harmonices Mundi (1619)
  • Tabulae Rudolfinae (1627)
  • Somnium (1634)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Johannes Kepler – Biller, Videoen oder Audiodateien