D'Gare vu Méchela ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Ettelbréck an der Gare Giewelsmillen vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Méchela
Streck 1
PK 53,245
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Méchela
Gemeng Buerschent
Kanton Dikrech
Koordinaten 49° 53’ 48’’ N
      6° 05’ 32’’ O
Websäit CFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare Méchela huet e gratis Park & Rail-Parking, 2 Chargy-Bornen an 3 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Seng Capacitéit gouf 2021 op 65 erhéicht.[1]

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Ettelbréck   RE
CFL-Linn 10 
  Giewelsmillen Ëlwen
oder Gouvy
Lëtzebuerg Ettelbréck   IC
CFL-Linn 10 
  Giewelsmillen Ëlwen / Liers

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Méchela – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Gemeng Burschent, De Buurschter 2021.02 (Dezember 2021). Gekuckt de(n) 20 Dezember 2021.