Als Regionalexpress, oder kuerz RE bezeechent een zu Lëtzebuerg an am däitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich déi tëscht de Regioune vun engem Reseau zirkuléieren. Regionalexpressen halen net sou dacks stall wéi Regionalbunnen an hu méi eng héich Duerchschnëttsvitess.

Baussent vu Lëtzebuerg ennerscheet sech de Regionalexpress och nach vun der Regionalbunn duerch e besseren Confort a méi deier Präisser.

Regionalexpressen zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg ënnerscheede sech Regionalexpresser vun de Regionalbunnen eleng duerch d'Zuel vun Halten. Soubal en Zuch op sengem Parcours och nëmmen eng méiglech Halt net ufiert, schwätzt ee vun engem Regionalexpress. A Punkto Material gëtt et keen Ënnerscheed tëscht Regionalbunnen a Regionalexpressen, well se allebéid Deel vum selwechte Roulement beim CFL sinn.

Präislech besteet keng Differenz bei deenen zwou Kategorien, well se allebéid an den Noverkéiersberäich falen a keen RE e Lafwee vu méi wéi 2 Stonnen huet.

Ausser op de Verbindungen iwwer d'Grenz eraus, a Richtung Arel, Nanzeg an Tréier fueren um Weekend zu Lëtzebuerg keng Regionalexpressen.

Regionalbunnen an der Belsch änneren

D'SNCB kennt d'Kategorie vum Regionalexpress net, mä si assuréiert där Zich ënner der Bezeechnung L Zuch. Eng kloer Ofgrenzung zur Regionalbunn besteet net, wat ënner anerem un de laange Lafweeër vun den L-Zich läit, déi ganz ënnerschiddlech Haltfrequenze kënnen hunn.

Als eenzeg Ausnam kann een do d'Regionalexpressen ernimmen déi vun der SNCB op der CFL-Linn 5 tëscht Arel a Lëtzebuerg gefuer ginn.

Regionalexpressen an Däitschland änneren

 
Eng Maschinn vun der Serie 101 mat um Krop engem München-Nürnberg-Express

An Däitschland ass de Regionalexpress méi wäit verbreet wéi an anere Länner, well den Op- an Ausbau vun engem InterCityreseau fir Vitessen iwwer 160 km/h am Oste vun Däitschland, wéinst dem schlechten Zoustand vun de Gleisanlagen, bis haut undauert. Dowéinst komme Regionalexpresse mat Héchstvitessen ënner 160 km/h an den Asaz, déi deelweis Lafweeër vun iwwer 400 Kilometer hunn. D'Material fir d'Regionalexpressen ass an der Reegel méi modern a fir méi héich Vitessen ausgeluecht wéi dat bei de Regionalbunnen de Fall ass.

D'Wuert RegionalExpress ass an der besonnescher Schreifweis eng Mark vun der DB, déi nëmme fir hir Zich benotzt gëtt. Dat ass sou wäit intressant, well am Kader vun der Privatiséierung vum Schinneverkéier an den 90er Jore vill Regionalexpresser vun der fréierer Däitscher Bundesbahn u regional Betriber iwwergaange sinn an haut ënner eegenen Nimm fueren.

Beispiller:

  • Vogtland-Express
  • Harz-Berlin-Express
  • Lausitz-Express

Op der Héichvitessstreck München - Nürnberg fueren och Regionalexpresse mat enger Vitess vu bis zu 200 km/h.

Regionalexpressen a Frankräich änneren

 
Corail-Steierwon um Kapp vun engem TER200-Regionalexpress mat Destinatioun Basel

Regionalexpresse gi bei der SNCF an der Spart vum TER gefuer a sinn dowéinst an der Kompetenz vun de jeeweilege Regiounen.

Bei der TER Alsace gëtt et Regionalexpresse mat enger Héchstvitess vun 200 km/h.