Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Eng Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ass eng speziell ugeluecht Parkplaz fir Leit déi am Goe behënnert sinn a fir Leit déi blann sinn.

Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Parkplaz änneren

Dës Parkplaze gi meeschtens sou ugeluecht datt se dëse Leit verschidde Facilitéiten ubidden, sou wéi ofgesenkt Trëttoirsborden, oder direkt Accèsen op Rampen oder bei Lifter. Si sinn och, wann d'Plaz et erlaabt, méi breet wéi normal Parkplazen fir datt Leit déi e Rollstull musse benotzen och Plaz genuch hu fir hir Autosdieren grouss op ze maache fir sech op de Stull kënnen ze setzen an d'Kéier domat maachen ze kënnen.

Op grousse Parkplazen an a Stied a Gemenge gëtt e gewësse Prozentsaz vun de Parkméiglechkeeten an dësem Sënn ugeluecht.

Code de la Route änneren

Dem lëtzebuergesche Code de la Route no si Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit eng Ausnam vum Park- oder Stationéireverbued, wat heescht datt dës Parkplaze reglementéiert ginn duerch dat eent oder dat anert vun dëse Schëlter.

Dës Ausnam gëllt also op Park- a Stationéierungsplazen mat limitéierter Dauer an do wou Parken a Stationéieren duerch d'Schëlter C 18 an E 23 reglementéiert sinn an als Zousaz d'Zeeche vum signe distinctif hunn, oder den Zousaztext Excepté handicapés physiques

Si däerfen deemno nëmme vu Leit benotzt ginn, déi am Besëtz vun engem sougenannte signe distinctif pour personnes handicapés sinn, oder vu Persounen déi si begleeden. E muss siichtbar an der Fënster vum Auto ubruecht sinn oder wéinstens sou um Tableau de Bord leien datt d'Uerdnungskräften e kënne gesinn.

Signe distinctif änneren

 
Den Europäesche Modell vun enger Erlabnes fir op Parkplazen fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ze stationéiren

Dëse signe distinctif gouf duerch Règlement ministériel vum 12. Dezember 1977 agefouert. De signe distinctif selwer ass am Laf vun de Joren duerch Reglementer verännert ginn, grad sou wéi d'Zoustännegkeet vun der Autoritéit déi en eraus gëtt.

Duerch groussherzoglecht Reglement vum 14. September 1999[1] sinn déi al Bestëmmunge geännert an nei festgeluecht ginn.

Referenzen änneren

  1. groussherzoglecht Reglement vum 14. September 1999 Gearchiveerd op 2005-11-14. Gekuckt de(n) 2006-09-24.