Gare Belval-Lycée

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn
(Virugeleet vu(n) Gare Belval Lycée)

D'Gare Belval-Lycée ass eng Halt um Belval op der CFL-Linn 6f, tëscht der Gare Belval-Université an der Gare Belval-Réideng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se gouf de 16. September 2011, zesumme mam Lycée Bel-Val, a Betrib geholl.[1].

Gare Belval-Lycée
Streck 6f
PK 11,505
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Belval
Gemeng Suessem
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 30’ 5’’ N
      05° 56’ 03’’ O
Websäit CFL.lu
D'Foussgängerbréck tëscht der Gare an dem Lycée.

Si ass mam Lycée iwwer eng Foussgängerbréck verbonnen, déi iwwer d'Glesie vun der Wierksbunn vun Arcelor-Mittal Esch-Belval geet, an déngt dann och virun allem fir de Schülertransport dohin.

D'Baukäschte louche bei 2,5 Milliounen Euro an d'Bauaarbechten hu 14 Méint gedauert. Dofir goufen 2 Quaie vun 200 Meterl Längt gebaut, déi mat engem Lift vun der Ënnerféierung fir den CR168 aus z'erreeche sinn. Op all Quai steet och en Ënnerdaach fir wann et reent.[2].

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Belval-Université   RB
CFL-Linn 60 
  Belval-Réideng Rodange
Lëtzebuerg Belval-Université   RE
CFL-Linn 60 
  Déifferdeng Rodange
Beetebuerg Belval-Université   RB
CFL-Linn 80 
  Belval-Réideng Rodange
Beetebuerg Belval-Université   RE
CFL-Linn 80 
  Déifferdeng Rodange

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Belval-Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Inauguration de l'arrêt Belval-Lycée et du Lycée Bel-Val." developpement-durable-infrastructures.public.lu, 29.09.2011.
  2. "Dossier de presse : Arrêt Belval-Lycée et Passerelle Belval-Lycée." op developpement-durable-infrastructures.public.lu, 2011.