Als Regionalbunn, oder kuerz RB bezeechent een zu Lëtzebuerg an am däitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich déi an all Gare hale bleiwen. Si stellen d'Grondlag vu jiddwer Eisebunnsreseau duer, well se déi lokal Garë mat de regionalen an iwwerregionale Garë verbannen.

CFL 2006 als Regionalbunn op Wolz.

Regionalbunnen zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg circuléiere Regionalbunnen um ganze Reseau. Et besteet fir de ganzen nationale Reseau Stonnentaktbetrieb, dat heescht et kann ee vu jiddwer Gare am Land een Zuch pro Stonn a Richtung Lëtzebuerg kréien. Op der Achs Rodange-Lëtzebuerg-Ettelbréck besteet ausser sonndes, souguer en Hallefstonnentakt.

Nieft dem nationale Reseau, fueren d'Regionalbunne vun den CFL och bis op Arel an Attem.

Zu Lëtzebuerg ginn d'Regionalbunne virun allem mat CFL 2000 an CFL 2200 Automotricen an CFL-Dosto-Voiturë gefuer. D'SNCB assuréiert op der CFL-Linn 5 eng Rei Regionalbunne mat hiren AM 96.

Regionalbunnen an der Belsch änneren

An der Belsch lafen d'Regionalbunnen ënner dem Numm L Zuch.

Regionalbunnen an Däitschland änneren

An Däitschland heeschen d'Regionalbunnen Regionalbahn. Si ersetzen zanter 1987 den Nahverkehrszug a sollen net mam Regional-Express verwiesselt ginn.

Regionalbunnen a Frankräich änneren

A Frankräich heeschen d'Regionalbunnen Omnibussen, a lafen am TER.

Regionalbunnen an Holland änneren

An Holland heeschen d'Regionalbunne vun den Nederlandse Spoorwegen Sprinter, bei Connexxion, Syntus, Arriva a Keolis heesche se "Stoptrein" (Stopzuch). NS huet den Numm Stoptrein bis 2007 benotzt.