D'Gare vun Éiter ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Sandweiler-Conter an der Gare Mënsbech vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Éiter
Streck 3, 4
PK 11,980
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Éiter
Gemeng Conter
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 09’’ N
      6° 15’ 29’’ O
Websäit CFL.lu

D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlich.

D'Gare vun Éiter huet e gratis Park & Rail-Parking mat 55 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä d'Gare Éiter huet just eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Sandweiler-Conter   RB
CFL-Linn 30 
  Mënsbech Waasserbëlleg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Gare 1991 aus der Loft