De Frédéric[1] ("Fritz") Kintzlé, gebuer den 19. Januar 1852 zu Harel, a gestuerwen den 19. Mäerz 1908 am Oochener Quartier Rothe Erde, war e lëtzebuergesche Schmelzhär a Manager an der däitscher Stolindustrie.

Fritz Kintzlé
Gebuer 19. Januar 1852
Harel
Gestuerwen 19. Mäerz 1908
Oochen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
RWTH Aachen
Aktivitéit Metallurgist

Liewen änneren

No senger Première am Stater Kolléisch huet de Fritz Kintzlé vun 1873 un um Polytechnikum Oochen Siderurgie studéiert.[2] Dono huet hien seng berufflech Karriär bei bei der Fabrique de fer d'Ougrée an der Gemeng Seraing bei Léck ugefaangen. 1879 ass hie bei den Aachener Hütten-Aktienverein zu Rothe Erde gaangen. 1899 gouf hien do Betriebsdirekter, an 1900 Member vum Direktiounscomité. 1907 huet den Aachener Hütten-Aktienverein mat der Gelsenkirchener Bergwerks-AG fusionéiert, an de Kintzlé huet vum Adolph Kirdorf d'Generaldirektioun vum Wierk zu Oochen iwwerholl.

Hien huet zu Rothe Erde den Thomas-Procédé agefouert an d'Iwwerpréifungsmethoden dovu verbessere gelooss. Ausserdeem huet hie verschidden Norme fir Stol mat ausgeschafft. De Kintzlé war 13 Joer laang am Comité vum Verein Deutscher Eisenhüttenleute. Hien huet sech derfir agesat, d'Studien- a Préifungskrittäre fir de Siderurgiesstudium ze verbesseren. Ausserdeem huet hie Stëftungen opgesat, déi Boursse fir technesch-akadeemeschen Nowuess ugebueden hunn.

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Günter Bauhoff: Kintzlé, Fritz. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 11, Duncker & Humblot, Berlin 1977, ISBN 3-428-00192-3, S. 631. (Digitalisat).

Referenzen änneren

  1. "Frédéric Kintzlé - Fischer, ingénieur." Fiche op industrie.lu (nogekuckt: 2023-01-16.
  2. Franz Ludwig Neher: Das Corps Montania zu Aachen, 1872-1957, 1957, S. 114
  3. Memorial des Großherzogtums Luxembourg, Nr. 51, Donnerstag, 24. Juli 1902 (Legilux.