Harel
Duerf a Lëtzebuerg
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Harel ass eng Uertschaft a Kadastersektioun an der Stauséigemeng.
Harel | |
---|---|
D'Plaz bei der Kierch vun Harel | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Harlange de: Harling(en) |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Stauséigemeng |
Buergermeeschter | Marco Koeune |
Awunner | 587 |
18.01.2023 | |
Héicht | 424 m |
Koordinaten |
49° 55’ 50’’ N 05° 47’ 19’’ O |
D'Büroe vun der Gemeng sinn zanter Januar 2023 provisoresch zu Harel, well d'Märei zu Béiwen ofgerappt gouf an nei gebaut gëtt[1].
Geographie änneren
D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 417 m. (bei der Kierch) bis 480 m. (beim Futtballsterrain) um CR309, tëscht Walter am Nordosten an dem Hareler Poteau am Südosten.
Verkéier änneren
Vun Harel kënnt een iwwer den CR309 an den CR315 bei Béiwen op d'N26 .
E Gemengewee leeft a Richtung Nordwesten op d'belsch Grenz a vun do aus virun op Läitrem, en aneren a südwestlecher Richtung op Liischpelt.
Hydrographie änneren
Vu Walter erof leeft d'Hareler Baach duerch d'Uertschaft a Richtung Sir.
Kuckeswäertes änneren
- Kierch Harel
- D'Monument fir de Jean-Baptiste Fallize an d'Kapell op der Plaz vun der fréierer Gierwerei, op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, am Dall vun der Bëtler Baach.
- Fatima-Kapell
Biller änneren
-
Zu Harel, a Richtung vum Hareler Poteau
-
Déi provisoresch Märei (Abrëll 2023)
-
D'Hareler Baach am Duerf
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Harel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ (fr)Déménagement de la commune à Harlange. Lac-Haute-Sûre (16.01.2023). Gekuckt de(n) 02.04.2023.