Ferdinand

männleche Virnumm
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Ferdinand ass, am däitsch- a franséischsproochege Raum, e geleefege männleche Virnumm. Ferdinand gëtt et awer och seelen als Familljennumm.

Ferdinand
De Ferdinand III.
Geschlecht männleche Virnumm
Namensdag 30. Mee
Ursprong
Sprooch Germanesch
Genannt no Ferdinand III.
Varianten
Alternativen Ferd, Ferdi, Ferdchen, Fern, Ferni, Fenn, Fenni
Anert Geschlecht Ferdinande
Änleche Familljennumm Ferdinand

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

De Virnumm Ferdinand huet e germaneschen Urspronk a gëtt vum gotesche Frithinand ofgeleet. E besteet aus den Elementer 𐍆𐍂𐌹𐌸 Frith/Friþ („Fridden“) an 𐌽𐌰𐌽𐌸 nand/nanþ („Mutt“, „kéng sinn“). E gouf warscheinlech tëscht dem 5. an 8. Joerhonnert vun de Wisigoten op der ibeerescher Hallefinsel importéiert an do verbreet. Ënner anerem a Frankräich gouf de Ferdinand am spéide Mëttelalter vum alhéichdäitsche Fridunand iwwerholl.

Namensdag änneren

De Ferdinand feiert säin Namensdag den 30. Mee, als Referenz un de Ferdinand III., e spueneschen Herrscher, deen 1230 d'Kinnekräicher vu Kastilien a León vereenegt huet an dee mat der Stauferprinzessin Beatrix bestuet war[1]. Hie gouf 1671 vum Poopst Clément X. kanoniséiert.

Varianten an Ofkierzungen änneren

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Ferd, Ferdi, Ferdchen, Fern, Ferni, Fenn, Fenni[2].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Ferdinant, Ferdinando, Ferdynand, Hernando, Ferdinandus, Ferran.

Leit mam Virnumm Ferdinand änneren

Ënner de Leit mat deem Virnumm sinn:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ferdinand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 2023-10-13.
  2. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 13.10.2023.