De Virnumm soll mathëllefen, d'Leit vuneneen z'ënnerscheeden. Bei hirer Gebuert (an/oder Kanddaf) kritt all Persoun een oder e puer Virnimm, wouvun een (heiansdo en duebelen) spéider effektiv benotzt gëtt: de Ruffnumm.

A villen, virun allem a westleche Kulturen, déngt de Virnumm dozou, fir tëscht de Membere vun enger Famill z'ënnerscheeden, am Géigesaz zum Familljennumm, deen d'Zougehéieregkeet zu enger Famill ausdrécke soll.

An deene meeschte Sprooche kënnt de Virnumm virum Familljennumm; d'Ungarn, d'Ost-Asiaten an d'Vietnameese sinn do awer d'Ausnam.

Viraals hunn d'Leit an eiser Regioun de Kanner meeschtens chrëschtlech Virnimm ginn, mä zanter den 1950er Joren hunn anglophon a romanesch Virnimm ëmmer méi u Bedeitung gewonnen. Wat fir e Virnumm schlussendlech e Kand kritt, ass also och zum groussen Deel eng Moudesaach.

Heefegst Virnumm zu Lëtzebuerg änneren

2017-2019 änneren

Tëscht 2017 an 2019 waren déi heefegst Virnimm, déi nei gebuere Kanner zu Lëtzebuerg kruten[1][2]:

Jongen Meedercher
Gabriel 157 Emma 195
Léo 130 Mia 133
Noah 121 Lena 89
Liam 112 Chloé
Luca 109 Charlotte

2020 änneren

Heefegst Virnimm fir d'Joer 2020[3]:

Jongen Meedercher
Gabriel Emma
Liam Mia
Louis Sophie
Noah Alice
Lucas Lena
Luca Lea
Felix Lina
Matteo Maria
Adam Eva
Leo Charlotte

2022[4] änneren

Jongen Meedercher
lëtzebuergesch Gebuerten auslännesch Gebuerten lëtzebuergesch Gebuerten auslännesch Gebuerten
Leo 36 Gabriel 27 Mia 28 Emma 25
Liam 33 Lucas 21 Emma 27 Maria 22
Noah 33 Alexander 15 Eva 20 Sofia 20
Louis 24 David 15 Lea 20 Alice 18
Matteo 24 Adam 14 Olivia 19 Chloé 17

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Les cinq prénoms les plus donnés au Luxembourg." rtl.lu, 14.10.2020, 07:03.
  2. Top 3 des prénoms les plus donnés au Luxembourg, France, Allemagne et Belgique | Les Frontaliers. www.lesfrontaliers.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-28.
  3. (fr)Prénoms les plus donnés au Luxembourg - Portail Open Data. data.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-28.
  4. (fr)Naissances: Les prénoms les plus populaires au Luxembourg. infos.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-28.