Ferdinand Kuhn (Deputéierten)

De Ferdinand Kuhn, gebuer de 16. September 1899 zu Rued[1] a gestuerwen den 22. Oktober 1947, war e lëtzebuergeschen Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker.[2]

Ferdinand Kuhn
Gebuer 16. September 1899
Gestuerwen 22. Oktober 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

1934 gouf de Ferdinand Kuhn an de Gemengerot vun der Gemeng Hesper gewielt.[1] Den 12. August 1938 gouf hien als Buergermeeschter vun Hesper nominéiert.[3] 1941 gouf hie vum däitschen Okkupant ofgesat.[1]

Vun 1937 bis 1940 war hien als Deputéierten an der Chamber.[4] Den 12. Mäerz 1945 gouf de Ferdinand Kuhn als Member vun der Assemblée consultative nominéiert.[5]

Um Houwald gouf d'Rue Ferdinand Kuhn no him benannt.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Fayot, B., S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997. 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, S. 85-86.
  2. Doudesannonce vum Ferdinand Kuhn am Tageblatt vum 24. Oktober 1947.
  3. Memorial N°54 vun 1938. mat der Publikatioun vun der Nominatioun vum Ferdinand Kuhn als Buergermeeschter vun Hesper.
  4. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 520-521.
  5. Memorial N°91 vun 1945 mat der Publikatioun vun der Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l'Assemblée consultative.