Donatuskapell zu Bungeref

D'Donatuskapell zu Bungeref läit um CR310 e bëssen aus der Uertschaft eraus a geet op d'Joer 1688 zeréck. Déi haiteg Kapell gouf 1873 gebaut an 1874 dem hellegen Donatus geweit.

Donatuskapell zu Bungeref

Uertschaft / Plaz Bungeref
Par Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Dekanat Zentrum
Baujoer 1873
Koordinaten 49° 51’ 20.9’’ N
      05° 47’ 15.9’’ O
Kierchen - Kapellen

Hanner der Kapell steet eng vun den eelste Lannen am Land, déi dann och zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt. Dës Lann ass déi lescht vu véier Beem déi an der Zäit am Quadrat ronderëm d'Kapellche stoungen. Trotz dem Schutzhellege sinn déi dräi aner scho viru Joren dem Blëtz zum Affer gefall.

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donatuskapell zu Bungeref – Biller, Videoen oder Audiodateien