Bungeref

Uertschaft a fréier Gemeng zu Lëtzebuerg


Bungeref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.

Bungeref
Déi al Bungerëffer Schoul
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bigonville
de: Bondorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Awunner 594
  1. Januar 2023
Fläch 1498,2172 ha[1]
Héicht 487 m
Koordinaten 49° 50’ 58’’ N
      05° 47’ 33’’ O

Geschichtleches änneren

Bungeref gëtt 1182 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Bis an d'19. Joerhonnert stoung ee Schlass op der Plaz vun enger fréierer Réimervilla. De leschten Tuerm ass 1830 verschwonnen. Eng Legend dréit ëm e Bruddermuerd: Um Enn vum 12. Jh. hat d'Baronne Anna vu Friedbuerg, dem haitege Buerfelt, do mat hirem Jong a sengem Hallefbrudder gelieft. Aus Jalousie hat de Wolfram säi jonke Brudder ëmbruecht, wat e spéider als Eremit an der Wolwener Klaus ofbéisse sollt. D'Wolframsbich op der Wolwener Klaus erënnert un hien, ewéi och d'Kräiz Buerfiels op der N27.

Bungeref hat och dräimol Kiermes am Joer, déi kleng Blasi- an Donatikiermessen an déi grouss Kiermes op Quirinusdag.

An der Ardennenoffensiv sinn am Duerf 38 Haiser an e puer Scheieren a Schäpp verbrannt. D'Brandkatastrophe war sou schlëmm, well d'Haiser unenee gebaut waren. De 24. Dezember 1944 koum et do zu engem Panzerstroossekampf.

Fréier Gemeng Bungeref änneren

Bis zur Gemengefusioun zur neier Gemeng Rammerech am Joer 1978, war Bungeref eng eegestänneg Gemeng, déi aus de Sektioune Bungeref, a Rommeler Haff bestanen huet. D'Uertschaft Flatzbuer gehéiert zur Sektioun Bungeref.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[2] änneren

Kuckeswäertes änneren

Interessantes änneren

  • An der J.K. Rowling hirem Buch Quidditch Through the Ages, dat se ënner dem Pseudonym "Kennilworthy Whisp" geschriwwen huet, an dat mat der Harry Potter-Serie zesummenhänkt, kënnt eng vun de Quidditch-Ekippe vu Lëtzebuerg ("schonn zanter ëmmer eng staark Quidditch-Natioun"), et sinn dat d'Bigonville Bombers.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bungeref – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Bungeref am Mäerz 2009

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Ausféierlech Geschicht vun der Bungerëffer Millen