Par Rammerech Saint-Valentin

D'Par Rammerech Saint-Valentin ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 7 fréier Paren Ueschdref, Bungeref, Folscht, Holz, Pärel, Rammerech a Wolwen.

D'Par läit um Gebitt vun der Gemeng Rammerech.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Vältes.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Arsdorf, Bigonville, Folschette, Holtz, Perlé, Rambrouch et Wolvelange et sur l'érection de la paroisse « Rammerech Saint-Valentin »