Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied

Wikimedia-Lëschtenartikel

Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied ass en Deel vun de Referenztabellen.

D'Stied zu Lëtzebuerg

Den Titel Stad gëtt mat engem spezielle Gesetz verginn.

Eng Rei Stied hunn hiren Titel zanter dem Mëttelalter; dës Titele goufe mam ale Gemengegesetz vum 24.02.1843 konfirméiert. Dat neit Gemengegesetz vum 13.12.1988 huet d'Titele vun den 12 Lëtzebuerger Stied nach eng Kéier konfirméiert.

Numm Franséischen Numm Däitschen Numm Gesetz
Déifferdeng Differdange Differdingen 4. August 1907
Diddeleng Dudelange Düdelingen 4. August 1907
Dikrech Diekirch Diekirch 24. Februar 1843
Esch-Uelzecht Esch-sur-Alzette Esch-Alzette 29. Mee 1906
Ettelbréck Ettelbruck Ettelbrück 24. August 1907
Gréiwemaacher Grevenmacher Grevenmacher 24. Februar 1843
Iechternach Echternach Echternach 24. Februar 1843
Lëtzebuerg Luxembourg Luxemburg 24. Februar 1843
Réimech Remich Remich 24. Februar 1843
Rëmeleng Rumelange Rümelingen 4. August 1907
Veianen Vianden Vianden 24. Februar 1843
Wolz Wiltz Wiltz 24. Februar 1843

Fréier Stied änneren

Mam Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad:

La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie.'

Am Gesetz vun 1988 gouf Hollerech-Bouneweg net méi confirméiert, well déi ganz Entitéit war mëttlerweil an d'Stad Lëtzebuerg integréiert ginn.

Quellen änneren

  • "Loi" du 29 mai 1906 "attribuant la qualification de ville à la localité de d'Esch-sur-Alzette" (Mémorial n°34 vum 2. Juni 1906 S. 518)
  • "Loi" du 4 août 1907 "conférant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange" (Mémorial n°42 vum 10. August 1907 S. 518)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cities in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien