AVL-Linn 70

fréier Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 70 war eng Buslinn vun de Stater Bussen déi vum 3. November 2019 bis den 12. Dezember 2020 um Trajet Kockelscheier - Cloche d'or - Gaasperech - Zéisseng - Gare - Polvermillen - Hamm gefuer ass.

AVL-Linn 70
Kockelscheier - Hamm
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Kockelscheier, Patinoire 49°33'55,2154"N, 6°6'30,6702"O
op Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O
iwwer Kockelscheier, Gaasperech, Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Hamm, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Polvermillen
Bustyp Standardbus
opgaang 3. November 2019
zougemaach 12. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 14.561 m, 14.547 m
Fuerzäit 44 min, 43 min
mëttel Vitess 19,86 km/h, 20,30 km/h

D'Linn 70 hat um Aller grad ewéi um Retour 30 Halten. Se hat den Terminus op der Kockelscheier zesumme mat der Linn 18 an zu Hamm mat de Linne 15, 20 a 25. Tëscht der Gare an der Polvermillen ass se parallel mat der Linn 7 gefuer.

D'Linn 70 ass vu méindes bis freides all hallef Stonn gefuer; de Fuerplang war sou opgesat, datt um gemeinsamen Trajet mat der Linn 7 all véierel Stonn e Bus gefuer ass.

Halten op der Linn 70 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)

Linn 70 (Aller) Bemierkung
  Kockelscheuer, Patinoire Quai 2  ; hat e gemeinsamen Terminus mat der Linn 18
  Kockelscheuer, Camping
  Leonardo da Vinci
  Charles Darwin
  François Hogenberg Quai 1
  Beethoven
  Rue Verte
  Kuelebierg
  Tubishaff
  Antoine
  Rue de Leudelange Quai 3
  Am Eck
  Cessange, Duerf
  Cessange, Kierch
  Fischerhaff
  Artisans
  Barrès
  Assurances Sociales Quai 2
  Jean-Baptiste Merkels
  Fonderie
  Gare Centrale Quai 9  
  Wallis Quai 1
  Laboratoire
  Lavoisier
  Général Patton
  Pulvermuhl, Hammerdällchen
  Peupliers
  Rue Haute
  Käschtewee
  Rue de Bitbourg hat e gemeinsamen Terminus mat de Linne 15, 20, 25

Entwécklung vun der Linn 70 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • Schouljoren 2012/13 – 2014/15: Schoulbus vun der Sainte-Sophie op d'Gare
  • 16.07.2018 - 02.11.2019: Verluerekascht - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Hamm
  • zanter 2020: et gëtt keng Linn mat der Nummer 70

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 70 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren