Hamm (Stad Lëtzebuerg)

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Plaze mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Hamm.

Hamm ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad.

Hamm
Vue op Hamm, vun Osten aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hamm
de: Hamm
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.566
  31.12.2022
Fläch 407,61 ha
Héicht 360,6 m
Koordinaten 49° 36’ 25’’ N
      06° 10’ 08’’ O
Weekräiz vu 1739 a Gedenkplacken
op der Fassad vun der Kierch

Vun 1874 bis 1920 war et eng eegestänneg Gemeng Hamm.

Geographesches änneren

Hamm ass 407,61 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 248,9 an 360,6 m. De Quartier grenzt am Norden un den Zens an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemenge Sandweiler an Hesper an d'Quartiere Bouneweg-Süd a Polvermillen.

Hamm steet op engem Plateau am Oste vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Hammer Dällchen am Norden an dem Uelzechtdall. De Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel mécht am Nordosten d'Grenz. Ee vun de gréisste Bëscher vun der Gemeng ass den Hammer Bësch, dee mat sengen 130 ha op der Sandweiler Säit läit. Do ass och den amerikaneschen Zaldotekierfecht ze fannen.

Geschicht änneren

Den Numm Hamm gouf fir d'éischt am Joer 1238 an engem Akt vun der Gräfin Ermesinde ernimmt.

1796 war Hamm – op der Ferrariskaart vu 1778 als « Hamme » agezeechent – eng kleng Uertschaft mat nonzeg Awunner. Se krut awer méi Bedeitung duerch déi fënnef Millen op der Uelzecht: d'Gantebeensmillen, d'Follmillen, d'Schläifmillen, d'Bouneweger Millen an d'Polvermillen.

Nodeems d'Bridder Samson a Quetschlik Godchaux 1835 d'Schläifmillen an duerno och déi aner Mille kaaft an eng Duchfabrick gegrënnt hunn, gouf et Aarbecht fir eng ganz Rëtsch Leit an Hamm gouf en Aarbechterduerf. Zäitweis hu bis 800 Leit an der Draperies de Luxembourg S.A. geschafft.

Duerch dës industriell Entwécklung hunn d'Godchaux Bridder et fäerdeg bruecht, datt Hamm vu Sandweiler getrennt an den 1. Januar 1874 eng eegestänneg Gemeng gouf. Wéinst dem Éischte Weltkrich koum d'Fabrick a Schwieregkeeten, wat natierlech och Konsequenze fir d'Gemengefinanzen hat. D'Gemeng Hamm war du séier bereet fir 1920 mat der Stad Lëtzebuerg ze fusionéieren.

Iwwerdeems 1939 just nach 150 Leit an der Duchfabrick geschafft hunn, war et nom Zweete Weltkrich ganz eriwwer mat der Produktioun.

1931 gouf am Kierchegronn – baussent dem Duerfkär – eng Kolonie mat knapp 70 Eefamilljenhaiser gebaut[1] an 1960 ass d'Zivilhospiz gebaut ginn.

Anescht wéi an anere Quartieren, goufen et keng grouss Wunnengsbauprojeten zu Hamm, absënns well d'Uertschaft an der Afluchschneis vum Fluchhafe läit.

Gemeng Hamm änneren

Vum 1. Januar 1874 bis den 1. Juni 1920 war Hamm eng eegestänneg Gemeng.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Hamm.

Awunner änneren

Demographie iwwer d'Zäit änneren

Joer 1796 1803 1890 2018 2021
Awunnerzuel 90 95 668 1 456 1 519

Awunner haut änneren

Op den 31.12.2022 hunn zu Hamm 1.566 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 43,52 % géintiwwer 56,48 % Auslänner[2].

Hämmer no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 1 566 100,00
1   Lëtzebuerg 682 43,55
2   Portugal 228 14,56
3   Frankräich 185 11,81
4   Italien 81 5,17
5   Belsch 42 2,68
6   Spuenien 37 2,36
7   Däitschland 24 1,53
8   China 20 1,28
  Indien 20 1,28
10   Rumänien 18 1,15
Top 10 1 337 85,38
Aner Nationalitéiten 229 14,62

Veräiner änneren

Zu Hamm gëtt et follgend Veräiner

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hamm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rue Munkakszky, Rue Fanny Leclerc, Rue Thomas Byrne, Rue Eugène Wolff,
  2. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.