AVL-Linn 27

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 27 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 vu méindes bis freides all hallef Stonn um Trajet Kockelscheier, Patinoire - Cloche d'or - Gaasperech - Zéisseng - Hollerech - Gare - Verluerekascht - Polvermillen - Hamm, Rue de Bitbourg an zeréck. Si huet 34 Halten um Aller an der 33 um Retour.

AVL-Linn 27
Eng fréier Linn 27 op enger Deviatioun op der Escher Strooss zu Hollerech (mat falschem Zilschëld)
Kockelscheier - Hamm
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Kockelscheier, Patinoire 49°33'55,2154"N, 6°6'30,6702"O
op Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O
iwwer Kockelscheier, Gaasperech, Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Polvermillen, Hamm
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 14.841 m, 14.600 m
Fuerzäit 45 min, 43 min
mëttel Vitess 19,79 km/h, 20,37 km/h

Den 11. September 2022 ass den Trajet op der Cloche d'or liicht ugepasst ginn, sou datt d'Linn 27 zanterhier dräi zousätzlech Halten ufiert.

Halten op der Linn 27 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 27 Bemierkung
  Kockelscheuer, P+R Patinoire  ; gemeinsamen Terminus mat der Linn 18
  Kockelscheuer, Camping
  Stade de Luxembourg[1]    
  Schaarfen Eck[1]
  Émile Bian[1]
  Leonardo Da Vinci
  Hildegard von Bingen
  Charles Darwin
  François Hogenberg
  Beethoven
  Rue Verte
  Kuelebierg
  Tubishaff
  Antoine
  Rue de Leudelange
  Am Eck
  Cessange, Duerf
  Cessange, Kierch
  Fischerhaff
  Artisans
  Barrès
  Aciérie
  Jean-Baptiste Merkels
  Fonderie
  Gare Centrale     Gare Lëtzebuerg
  Wallis
  Laboratoire
  Lavoisier
  Général Patton
  Pulvermuhl, Hammer Dällchen
  Peupliers
  Rue Haute
  Käschtewee
  Rue de Bitbourg gemeinsamen Terminus mat de Linnen 9 a 25

Entwécklung vun der Linn 27 änneren

  • virun 2014: et gouf keng Linn mat der Nummer 27
  • 02.06.2014 - 02.11.2019: Gare - Märel - Aktivitéitszon Bourmicht - Stroossen - Bartreng, Belle Étoile

D'Linn 27 war entstanen duerch eng Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat hiren Nopeschgemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen am Kader vun der „DICI[2] Konventioun fir déi koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg”.

D'Zil vun der Konventioun war et fir ë. a. d'Liewensqualitéit ze verbesseren an d'Natur z‘erhalen.

  • 03.11.2019 - 12.12.2020: Bouneweg, LTB - Gare - Märel - Aktivitéitszon Bourmicht - Stroossen - Bartreng, Belle Étoile

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, huet d'Linn 27 zum “service coordonné AVL/RGTR” gehéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 27 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 zanter dem 11. September 2022
  2. „Convention relative à un Développement Intercommunal Coordonné et Intégratif du Sud-Ouest de l'agglomération de la Ville de Luxembourg“ „DICI Sud-Ouest“