AVL-Linn 11

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 11 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. September 2022 um Trajet Bartreng, Europaschoul II - Stroossen - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Walfer - Heeschdref - Mëlleref - Steesel. Tëscht Bartreng an der Stad fiert se parallel mat der Linn 16 an duerno, bis op Bäreldeng, parallel mat der Linn 10. Se huet 44 Halte um Aller an der 43 um Retour. Se fiert wiertes (méindes - freides) all 15-20, samschdes all 20 a sonndes all 30 Minutten.

AVL-Linn 11
D'Linn 11 am Eecher Bierg
Bartreng - Walfer - Steesel
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Bartreng, École Européenne II 49°37'4,4080"N, 6°2'18,0935"O
op Steesel, Kennedy 49°40'13,9"N, 6°7'28,4"O
iwwer Bartreng, Stroossen, Belair, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Beggen, Bäreldeng, Walfer, Helsem, Heeschdref, Mëlleref, Steesel
Bustyp Gelenkbus
opgaang 11. September 2022
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 17.772 m, 17.024 m
Fuerzäit 53 min, 54 min
mëttel Vitess 20,12 km/h, 18,92 km/h

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 11 zum “service coordonné AVL/RGTR”; se gëtt beim RGTR als Linn 280 gefouert.

Halten op der Linn 11 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 11 Bemierkung
  Bartreng, École Européenne II
  Bertrange, Gaston Thorn / LJBM nëmmen op vereenzelte Faarten
  Bartreng, Belle Étoile
  Strassen, Schoenacht
  Strassen, Geesseneck
  Strassen, Kesseler
  Strassen, Barblé
  Strassen, Benelux
  Strassen, Aurélia
  Strassen, Hondseck
  Strassen, Huorgarten
  Wandmillen
  Rue d'Ostende
  Nicolas Simmer
  Stäreplaz / Étoile  
  Wampach
  Hamilius  
  Badanstalt
  Crispinus
  Octroi
  Eecher Plaz
  Eecher Klinick
  Émile Metz
  Henri Heymanns
  Binnchen
  Beggen, Kierch
  Bastogne
  Beggen, Rue du Pont  
  Bereldange, Schoul
  Bereldange, Police
  Walferdange, Gemenge Plaz
  Helmsange, Barriär
  Walferdange, Gare   Gare Walfer
  Helmsange, Tricentenaire
  Helmsange, Mercatoris
  Heisdorf, Millewee
  Heisdorf, Bei der Parkmauer
  Heisdorf, Klouschter   Gare Heeschdref
  Heisdorf, Altersheem
  Müllendorf, Mëlleref
  Steinsel, Michel Rodange Plaz
  Steinsel, Um Gruef
  Steinsel, Gonneschhaff
  Steinsel, Kennedy gemeinsamen Terminus mat der Linn 26
  Steinsel, Industriezon betriblech Halt ouni Passagéierverkéier

Entwécklung vun der Linn 11 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 02.05.1961: Gare - av. de la Liberté - av. Monterey - Merl - Helfenterbrück
  • 1971 - 1983: Gare - Stad - Belair - Märel
  • 1983 - 2008: Gare - Stad - Belair - Märel - Bartreng
  • 2008 - 2015: Gare - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Walfer
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Walfer - Heeschdref - Mëlleref - Steesel. Tëscht der Gare a Bäreldeng ass se parallel mat der Linn 10 gefuer. Se hat 29 Halte pro Richtung an ass wiertes all 20 a sonndes all 30 Minutte gefuer.

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[1] gefouert.

  • 13.12.2020 - 10.09.2022: aktuellen Trajet Bartreng - Steesel, awer an den Haaptverkéierszäite just bis op den Terminus Michel-Rodange-Plaz zu Steesel; d'Halte Gonneschhaff a Kennedy goufen du vun der Linn 10 ugefuer.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 11 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019