AVL-Linn 16

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 16 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Bartreng, Europaschoul II - Stroossen - Stad - Kierchbierg - Flughafen. Tëscht Bartreng an der Stad fiert se parallel mat der Linn 11 an duerno, bis op de Flughafen, parallel mat der Linn 6.

AVL-Linn 16
D'Linn 16 virum Rond-point Robert-Schuman
Bartreng - Flughafen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Bartreng, École Européenne II 49°37'4,4080"N, 6°2'18,0935"O
op Aéroport Quai 1 49°38'5,2192"N, 6°12'55,3885"O
iwwer Bartreng, Stroossen, Belair, Uewerstad, Kierchbierg, Sennengerbierg, Fluchhafe Lëtzebuerg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 18.422 m, 17.307 m
Fuerzäit 49 min, 49 min
mëttel Vitess 22,56 km/h, 21,19 km/h

D'Linn 16 huet 27 Arrêten um Aller an der 26 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15-20 Minutten an de Weekend all hallef Stonn. Op den Halte Stäreplaz / Étoile, Hamilius, Rout Bréck - Pafendall a Luxexpo kann ee vun der Linn 16 op d'Tramslinn T1 ëmklammen.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 16 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 16 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 16 Bemierkung
  Bertrange, École Européenne II
  Bertrange, Belle Étoile
  Strassen, Schoenacht
  Strassen, Geesseneck
  Strassen, Kesseler
  Strassen, Barblé
  Strassen, Benelux
  Strassen, Aurélia
  Strassen, Hondseck
  Strassen, Huorgarten
  Wandmillen
  Rue d'Ostende
  Nicolas Simmer
  Stäreplaz / Étoile  
  Wampach
  Hamilius  
  Fondation Pescatore
  Rout Bréck - Pafendall      Gare Pafendall-Kierchbierg
  B.E.I.
  Jean Monnet
  Antoine de St Exupéry
  Konrad Adenauer
  Avalon
  Poutty Stein
  Luxexpo  
  Senningerberg, Autobunn
  Aéroport

Entwécklung vun der Linn 16 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 08.06.1931 un ass déi Pafendaller Linn um Trajet Stad - av. de la Liberté - Gare - Stadgronn - Pafendall gefuer. Den 01.10.1962 gouf si als Linn 16 bezeechent.
  • 1971 - 1981: Stad - Gare - Stadgronn - Clausen - Pafendall
  • 1981 - 1992: Gare - Stad - Pafendall - Clausen - Stadgronn - Gare - Stad. Eng Linn mat der Nummer 16A ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
  • 1992 - 2001: Gare - Stad - Kierchbierg / Institutions Européennes
  • 2001 - 2003: Hesper/Cité um Schlass - Gare - Stad - Kierchbierg / Edward Steichen
  • 01.09.2003 - 12.12.2020: Hesper, Cité um Schlass - Houwald - Gare - Stad - Kierchbierg - Flughafen; sonndes gouf den Deel tëscht der Gare an Hesper awer net ugefuer.

Fir net parallel mam Tram iwwer d'Avenue John F. Kennedy ze fueren, ass den Trajet den 10. Dezember 2017 um Kierchbierg liicht geännert ginn. D'Linn 16 ass vun deem Dag un iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an de Circuit de la Foire internationale gefuer. Duerno, den 3. November 2019, ass wéinst dem Tramsschantje d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck ëmgeleet ginn[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 16 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019