Beggen

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg


Beggen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den nërdlechste vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

Beggen
An der Henri-Dunant-Strooss zu Beggen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beggen
de: Beggen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 3.800
  31.12.2022
Fläch 170,91 ha
Héicht 302 m
Koordinaten 49° 38’ 37’’ N
      06° 07’ 45’’ O

Geographie änneren

Beggen grenzt un d'Quartiere Millebaach am Westen, Eech am Süden, Dummeldeng am Osten an am Norden un d'Gemeng Walfer. Duerch Beggen leeft d'Uelzecht.

De Quartier huet eng Fläch vun 170,91 Hektar a läit op enger Héicht tëscht 232,10 an 302,00 m[1].

Geschicht änneren

Beggen huet zur fréierer Gemeng Eech gehéiert, ier déi 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet[2].

Beggen war ursprénglech e klengt, aarmt Duerf am Norde vun der Festung Lëtzebuerg. Am Joer 1611 goufe siwe Stéit do ernimmt. 1635, wärend dem Drëssegjärege Krich, stoungen zéng Haiser zu Beggen, vun deenen der am Joer 1657 just nach fënnef bewunnt waren. Bei der Vollekszielung 1851 hat Beggen 150 Awunner.

Mat der Industrialiséierung an dem Besoin fir Aarbechter ass d'Bevëlkerung séier gewuess[3].

Awunner änneren

Op den 31.12.2022 hunn zu Beggen 3.800 Leit gewunnt, wouvun 30,45 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 69,55 % Auslänner[4].

Beggener no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 3 800 100,00
01   Lëtzebuerg 1 157 30,45
02   Frankräich 473 12,45
03   Portugal 393 10,34
04   Italien 206 5,42
05   Russland 144 3,79
06   Belsch 125 3,29
07   Däitschland 114 3,00
  Rumänien 114 3,00
09   Indien 110 2,89
10   Griicheland 91 2,39
Top 10 2 927 77,03
Aner Nationalitéiten 873 22,97

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Théato, Fernand, 2006. Do hannen zu Beggen an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, S. 12-15. Pafendall: Chorale Sang & Klang

Um Spaweck änneren

Commons: Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt de(n) 28.05.2023.
  2. Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-11.
  3. (de)Beggen | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 04.06.2023.
  4. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.