Den 2001 Mars Odyssey (och Mars Odyssey) ass eng Raumsond vun der NASA, déi zanter dem 24. Oktober 2001 de Mars ëmkreest an erfuerscht. Hire Start war de 7. Abrëll 2001 u Bord vun enger Delta-II-Drorakéit. D'Missioun gouf nom Enn vun der ufanks geplangter Dauer 2004 ëmmer nees verlängert, e fixen Dag fir d'Enn ass net (Stand Juni 2014) geplangt. Den Orbiter déngt och als Relaisstatioun fir d'Dateniwwerdroung tëscht deem de 6. August 2012 gelantene Rover Curiosity an der Äerd.[1]

Graphik: 2001 Mars Odyssey
Kraterfoto, gemaach vum 2001 Mars Odyssey

Missioun änneren

Nom Erreeche vum Mars war déi éischt grouss Schwieregkeet fir der Sond hir Vitess mat Hëllef vun engem Aerobraking-Manöver ze reduzéieren an doduerch an en Orbit ëm de Mars anzeschwenken. Dobäi ass d'Sond e puermol duerch déi iewescht Atmosphäreschichte vum Mars geflunn, fir duerch d'Reiwung ofgebremst ze ginn.

Ziler änneren

D'Haaptphas vun der Missioun hat am Februar 2002 ugefaangen an hätt sollen am August 2004 ofgeschloss ginn. Well d'Sond awer an engem ganz gudden Zoustand war, gouf d'Missioun bis elo véiermol ëm jee zwee Joer verlängert, fir d'lescht bis September 2012. Ofhängeg vun de geplangten Aufgaben huet d'Sond genuch Dreifstoff bis 2015. Déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Marsfuerschung gëtt am Kader vun der Missioun eng global Kaart vun de cheemeschen Elementer op der Uewerfläch erstallt. E Schwéierpunkt vun der Missioun läit dobäi op der Sich no Virkomme vu Waasseräis. Donieft soll d'Stralungsbelaaschtung am niddrege Marsorbit ënnersicht ginn, fir d'Risike vu bemannte Marsmissiounen besser ze erfuerschen.

Waasser änneren

Héichpunkt vun der Mars Odyssey-Missioun war de Noweis vu grousse Quantitéite Waasseräis, besonnesch an der Südpolregioun vum Planéit am Oktober 2002. Virdrun haten d'Fuerscher ugeholl, datt de Marssüdpol bal nëmmen aus sougenanntem Dréchenäis (gefruerenem Kuelestoffdioxid) besteet. Elo steet allerdéngs fest, datt do driwwer eraus och Waasseräis virkënnt, dat zum Deel ënner den Dréchenäis-Schichte verstoppt läit. Dës Entdeckunge konnte mat enger anerer Method duerch den Asaz vun der europäescher Sond Mars Express am Februar 2004 bestätegt ginn.

Den Numm änneren

Den Numm vun der Sond ass en Hommage un dem Stanley Kubrick säi Film 2001: A Space Odyssey. Déi 758 kg schwéier Sond sollt de Neiufank an der amerikanescher Marsfuerschung no de Feelschléi vum Mars Climate Orbiter a Mars Polar Lander am Joer 1999 weisen. D'Sond Mars Odyssey huet och deelweis déi selwecht Missiounsziler wéi de feelgeschloene Mars Climate Orbiter.

Instrumenter änneren

Zu den Instrumenten zielen ënner anerem eng Multispektralkamera, e Stralungsdetekter an e Gammastralespektrometer.

  • THEMIS (THermal EMission Imaging System - Wäermeofstralungs-Fotosystem): D'Instrument ass eng Aart Kamera, déi de Mars an de Beräicher vum visuelle Liicht a vun der Infraroutstralung fotograféiert. Mat dëse Biller soll d'Verdeelung vu Mineraler op der Marsuewerfläch erfuerscht ginn.
  • GRS (Gamma-Ray Spectrometer - Gammastralespektrometer): Déi Komponent soll op der Marsuewerfläch d'Existenz vun 20 verschiddenen Elemente vum Periodesystem iwwerpréiwen. Zu den Elemente gehéieren ënner anerem Silizium, Eisen, Magnesium asw. D'GRS-Neutronendetektere sollen un der Uewerfläch souwéi un den ieweschte Schichte vum Marsbuedem - bis an eng Déift vun engem Meter - no Waasserstoff resp. Waasser a Waasseräis sichen. Méiglecherweis Ausfall vum Instrument no der Bunnännerung 2009.[2]
  • MARIE (Martian Radiation Experiment - Marsianescht Radioaktivitéitsexperiment): Bei MARIE gouf e geluedent Partikelspektrometer dozou benotzt, fir d'Atmosphär vum Mars op radioaktiv Stoffer ze iwwerpréiwen. Och scho wärend dem Fluch vun der Äerd zum Mars gouf mat dësem Instrument permanent d'optriedend Stralebelaschtung gemooss. D'Instrument MARIE huet wéinst deem staarken Deelche-Bombardement beim Sonnestuerm den 28. Oktober 2003 versot.

Verlaf änneren

  • 2001: Erfollegräiche Start de 7. Abrëll 2001 mat enger Delta-II-Rakéit.
  • 2001: Aschoss an e Marsorbit de 24. Oktober 2001.
  • 2002: Ufank vun de Miessungen am Februar 2002.
  • 2002: Noweis vu grousse Quantitéite Waasseräis am Oktober 2002.
  • 2003: Irreparabel Beschiedegung vum Instrument MARIE duerch de staarke Sonnestuerm den 28. Oktober 2003.
  • 2004: Verlängerung vun der Missiounsdauer am August 2004 ëm weider zwee Joer bis September 2006.
  • 2006: Verlängerung vun der Missiounsdauer am September 2006 ëm weider zwee Joer bis August 2008.[3]
  • 2008: Verlängerung ëm weider 2 Joer bis September 2010.
  • 2009: Verrécklung vum Orbit. D'Sond gesäit elo d'Uewerfläch um 15h45 Sonnenzäit amplaz virdrun 17h00. Doduerch besser Analys vun der IR-Stralung, méiglecherweis awer eng Iwwerhëtzung vum GRS.[2]
  • 2010: De 15.Dezember brécht d'Sond mat méi wéi 3340 Deeg am Mars-Orbit de Rekord vum Global Surveyor.[4]
  • 2014: Den 11. Februar gouf eng nei Verrécklung vum sonnesynchronen Orbit duerchgefouert. Vum November 2015 u soll d'Sond iwwer der Sonnenopgangslinn positionéiert sinn, fir méiglech kuerzfristeg Evenementer wärend der deeglecher Erwäermungsperiod z'observéieren[5].

Resultater änneren

„2001 Mars Odyssey“ huet ettlech Waasservirkommen op béide Marspolen ënner der Uewerfläch entdeckt. Donieft goufe geologesch Aktivitéite vum Planéit ënner d'Lupp geholl. Zu de leschte wichtegen Aufgabe vun der Sond zielt d'Weiderleedung vun Date vun de béiden am Januar 2004 gelanten Exploratioun Rover Spirit an Opportunity vun der NASA. D'Missioun gëllt schonn elo als Erfolleg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. (en) Spacenews: Odyssey Moved To Relay News of MSL's Landing, 30. Juli 2012, gekuckt de 24. September 2013
  2. 2,0 2,1 NASA's Mars Odyssey Alters Orbit to Study Warmer Ground Archivéiert op 2009-08-13. Gekuckt de(n) 2015-01-13.
  3. NASA: NASA Mars Spacecraft Gear Up for Extra Work, 25. September 2006
  4. ORF: Mars Sond „Odyssey“ mat neiem Rekord, 16. Dezember 2010
  5. http://mars.jpl.nasa.gov/odyssey/news/whatsnew/index.cfm?FuseAction=ShowNews&NewsID=1602

Um Spaweck änneren

Commons: 2001 Mars Odyssey – Biller, Videoen oder Audiodateien