D'Mars Climate Orbiter (MCO) war eng NASA-Sond fir de Mars am Kader vum Discovery-Programm. Si goung 1999 wéinst engem Eenheetefeeler am Navigatiounssystem verluer.

Mars Climate Orbiter iwwer dem Mars (kënschtlerësch Duerstellung)
Opbau vum MCO
MCO bei Testaarbechten

Instrumenter änneren

De Mars Climate Orbiter war zesumme mam Mars Global Surveyor dofir gebaut ginn, d'Instrumenter vum verluerene Mars Observer dach nach zum Asaz bréngen ze kënnen. Wärend um Mars Global Surveyor véier Mars-Observer-Experimenter geflu sinn, gouf Mars Climate Orbiter nëmmew mat engem ausgestatt: Dem PMIRR (Pressure Modulated Infrared Radiometer), dat d'Marsklima ënnersiche sollt, andeem et dài vum Mars reflektéiert Stralung analyséiert. Zousätzlech gouf eng Kamera, de Mars Color Imager (MARCI) integréiert. Nieft de Klimaënnersich bestoung d'Aufgab vum MCO doran, als Relais fir den och mëssgléckten Mars Polar Lander ze fungéieren.

Missioun änneren

MCO war den 11. Dezember 1998 u Bord vun enger Delta II 7425 vun der Weltraumgare Cape Canaveral gestart. Den 23. September 1999 hat d'Sond de Mars erreecht an hat d'Dreifwierk gestart, fir vun der Mars-Gravitatioun agefaangen ze ginn. Geplangt war ufanks en ellipteschen Orbit vun 150 km × 21.000 km, duerch d'Ofbremse mam Aerobraking sollt d'MCO a 44 Deeg den definitiven, bal kreesfërmegen Orbit op enger Héicht vu 421 km erreechen. Mä wou d'Sond nom Ofbremsmanöver nees aus dem Funkschiet vum Mars erauskoum, konnt kee Kontakt méi hiergestallt ginn.

Verloscht änneren

Eng Kommissioun, déi dee Fall ënnersicht huet hat séier de Grond vum Kontaktverloscht erausfonnt. Aus den Telemetriedate gouf ermëttelt, datt de marsnooste Punkt net bei 150 km, mä bei nëmme 57 km louch. An dëser Héicht ass awer d'Marsatmosphär scho sou dicht, datt d'Sond duerch d'Hëtzt an de Loftdrock zerstéiert gouf. D'Ursaach vum Navigatiounsfeeler war och ganz séier kloer: Wärend d'NASA den Impuls p am metreschen Internationalen Eenheetesystem (SI) mat der Eenheet Ns berechent, gouf d'Navigatiounssoftware vum MCO vum Fabrikant Lockheed Martin fir d'imperialt System mat der Impulseenheet lbfs ausgeluecht, also 4,45 mol sou grouss. Fir deen duerch d'Auswierkunge vum Solardrock verursaachten Drall ze kompenséieren, hu missen heiansdo Kurskorrekture gemaach ginn. Duerch déi ënnerschiddlech Eenheete gouf de Kurs awer iwwerkorrigéiert an d'Sond koum vill ze no bei de Mars.

Als weider Ursaach vum Verloscht gouf net genuch Erfarung, Iwwerlaaschtung a schlecht Zesummenaarbecht vun de Buedemmannschaften ugefouert. Agespillt Ekippen hätten den Eenheetefeeler och wärend dem Fluch entdeckt a sou den Totalverloscht verhënnere kënnen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mars Climate Orbiter – Biller, Videoen oder Audiodateien