Den Zytosol, och Cytosol, ass de wässerege Bestanddeel vun enger Zell hirem Zytoplasma, mat deene Substanzen, déi dodra geléist sinn (Salzer, Proteinnen dorënner eng ganz Partie Enzymen, Zockeren,...). Et handelt sech also ëm den Zytoplasma ouni déi membranéis Organellen.

Am Zytosol spille sech vill Reaktiounen of, déi fir d'Liewe vun der Zell néideg sinn. Sou leeft z. B. d'Translatioun vun der RNSm fir déi net-membranéis Proteinnen am Zytosol af, grad wéi och wichteg metabolesch Weeër, z. B. d'Glykolys.