De Metabolismus oder Stoffwiessel bezeechent déi Virgäng a Liewewiesen déi mat der Verännerung vu cheemesche Substanzen an dem Liewewiesen (oder besser gesot a sengen Zellen) ze dinn hunn. Jee no der Aart vu Verännerung an der Originn vun de Substanzen ënnerscheet een tëscht Anabolismus a Katabolismus. Dës Verännerunge geschéien an enger Rei Etappen déi meeschtens vun Enzyme katalyséiert ginn, dofir schwätzt een och vu Stoffwiesselweeër oder metabolesche Weeër.

Katabolismus

änneren

Den Ofbau vun de Substanzen aus dem Iessen (dëst sinn haaptsächlech Kuelenhydrater, Lipiden an Proteinnen) fir Energie (Energie heescht an dësem biologesche Kontext meeschtens d'Produktioun vun ATP-Moleküllen) ze gewannen oder elementär Bausteng (z. B. Aminosaieren oder Nukleotide) fir kierpereege Substanzen opzebauen, bezeechent een als Katabolismus.

De Katabolismus fänkt mat der Verdauung u wärend där follgenden Ofbau geschitt:

  • Proteinnen   Aminosaieren
  • Kuelenhydrater   Monosacchariden
  • Lipiden   Fettsaieren a Glycerol
  • Nukleinsaieren   Nukleotiden

Duerno ginn haaptsächlech d'Monosacchariden an d'Fettsaieren (d'Aminosaiere wa keen direkten anere Gebrauch dovu méiglech ass) an Energie ëmgewandelt. Dëst geschitt ë. a. duerch follgend Stoffwiesselweeër:

Anabolismus

änneren

Den Opbau vu kierpereegene Substanzen aus elementäre Bausteng stellt den Anabolismus duer. Beispiller vun anabolesche Stoffwiesselweeër: