D'Zuzana Čaputová, gebuer den 21. Juni 1973 als Zuzana Strapáková zu Bratislava, ass eng slowakesch Juristin a Politikerin. Den 30. Mäerz 2019 gouf si zur Presidentin vun der Slowakescher Republik gewielt an de 15. Juni 2019 vereedegt. 2024 huet si net méi fir hir Nofolleg kandidéiert.

Zuzana Čaputová
Gebuertsnumm Zuzana Strapáková
Gebuer 21. Juni 1973
Bratislava
Nationalitéit Tschechoslowakei, Slowakei
Educatioun Comenius-Universitéit Bratislava
Aktivitéit Jurist, Politiker, Aktivist, Ëmweltaktivist, Affekot

Liewen a Karriär änneren

Si huet op der Comenius-Universitéit Bratislava Droit studéiert. Dono huet si an der Administratioun vun der Stad Pezinok geschafft a méi spéit an ONGen am Ëmweltberäich. Fir hiren Asaz géint en illegalen Dreckstipp krut si 2016 de Goldman Environmental Prize.

Politik änneren

Am Dezember 2017 gouf si Member vun der nei gegrënnter sozialliberaler Partei Progresívne Slovensko ("Progressiv Slowakei"). Am Januar 2018 gouf si Vizepresidentin dovun.

Bei de Presidentschaftswalen 2019 krut si de 16. Mäerz 2019 am éischten Tour mat 40,6 Prozent déi meescht Stëmmen, déi zweetmeescht krut den EU-Komissär Maroš Šefčovič. Am Ballotage, den 30. Mäerz, huet si d'Wale gewonnen.

D'Zuzana Čaputová ass gescheet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Zuzana Čaputová – Biller, Videoen oder Audiodateien