Zu Arel op der Knippchen

Zu Arel op der Knippchen ass en traditionellt lëtzebuergescht Lidd, wat net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och am Areler Land bekannt ass. Den Text gëtt dem Mathias Schou (Blannen Theis) (1747-1824) zougeschriwwen. Den Auteur vun der Melodie, déi aus fréieren Zäite staamt, ass onbekannt.

D'St.-Donatus-Kierch zu Arel, déi d'Melodie vum Lidd all Stonn spillt

Am Areler Land gëtt d'Lidd nach heefeg gesongen, virun allem wann d'Jugend am Kader vun Hochzäite Séissegkeete sammele ginn. Et soll och eng franséischsproocheg Versioun ginn ënner dem Titel "À Arlon sur la Knippchen".[1]

D'Lidd gëllt och als offiziös Hymn vun der Belscher Provënz Lëtzebuerg.

Gespillt gëtt d'Melodie all Stonn vum Klackespill vun der St.-Donatus-Kierch zu Arel op der Knippchen.

D'Melodie gouf vum Regiment vun de Chasseurs ardennais[2] iwwerholl an adaptéiert.[3]

Partitioun änneren

 
Partitioun vum traditionelle Lidd "Zu Arel op der Knippchen". Text vum Mathias Schou (Blannen Theis) (1747-1824), Musek kënnt aus fréieren Zäiten.

Text änneren

1. Zu Arel op der Knippchen,
do sinn di Weiber frou.
Si huele gär eng Schlippchen,
eng drénkt deer aner zou.

Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
eng drénkt deer aner zou,
eng drénkt deer aner zou.

2. Et souzen dräi Gefuedeschen
am Wiertshaus bis an d'Nuecht
mat hirem Parlatinchen
an dronk'n eng Mooss ër uecht.

Bërëléng, …

3. Déi eng hält hire Mantel
a schläicht verbuergen heem,
si geet an d'Bett sech leeën,
klot iwwer Aarm a Been

Bërëléng, …

4. A wéi de Mann ereemkoum,
freet hien: “Wou ass mäi Wälb?"
„Si läit am Bett douewen,
huet wéi an enger Träip."

Bërëléng, …

5. De Mann, dee rennt op d'Kuemer,
setzt sech bei d'Bett op d'Bänk.
“O du meng arem Frächen,
wat feelt der, bass de krank?"

Bërëléng, …

6 „Ech hunn deréinscht ganz warem
vum kale Buer gedronk,
hätt ech eng Schlippchen, Alen,
wär ech erëm em Spronk!"

Bërëléng, …

7. Gläich ass de Mann bekömmert:
„Hei Mod, schwenk du e Glas!
An huel déi zënne Kännchen
an zap vum beschte Faass!"

Bërëléng, …

8. „Setz altes bei dat Feier
a maach et gliddeg heess!
Donk Zocker dran a Geimer,
da kennt se an de Schweess

Bërëléng, …

9. Wéi si de Wäi gedronken,
dréit si sech ëm a laacht:
”Esou kann een déi Männer
beduxen, datt et kraacht!"

Bërëléng, …

10. Hien hätt dat solle wëssen,
hien hätt geholt e Schäit,
fir d'Rëpper hir ze schmieren,
et wor déi héichsten Zäit!

Bërëléng, …

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Zu_Arel_op_der_Knippchen
  2. De Régiment des Chasseurs ardennais ass zu Arel baséiert.
  3. Cf. La marche des Chasseurs ardennais op der Websäit vun der "fraternelle des Chasseurs ardennais".