De Modell 4 ass en Zousazschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt d'Schëld ënner deem et hänkt nëmmen op den Deeg an zu den Zäiten déi ugi sinn zielt.

Zousazschëld Modell 4
Nëmmen op gewëssen Deeg an/oder zu gewëssen Auerzäiten
Bezeechnung Modell 4
Kategorie Zousazschëld
Land Lëtzebuerg

Wann de Modell 4 ënner dem Schëld C, 18 hänkt, da kann d'Indikatioun vun den Deeg an den Zäite komplettéiert si mat enger Referenz op den Artikel 102 am Fall vun engem Schantjen oder den Artikel 166 am Kader vun enger Manifestatioun.

D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Modell 4:

Stationéierungsverbuet am Kader vun engem Schantjen oder enger Manifestatioun änneren

Artikel 102 änneren

Wann et fir d'Ariichten oder de gudden Oflaf vun engem Schantjen néideg ass oder wann d'Sécherheet an de Verkéiersfloss et verlaangen, ass et – ausser de Gefierer déi am Zesummenhang mam Schantje benotzt ginn – verbueden do ze stationéieren. Dëst Verbuet gëtt mam Schëld C, 18 an engem Zousazschëld uginn, dat op dës Bestëmmung hiweist.

Artikel 166 änneren

D'Stationéiere vu Gefierer oder Déieren ass verbueden, wann et fir d'Ariichten oder de gudden Oflaf vun enger kultureller, sportlecher oder anerer Manifestatioun déi vun der zoustänneger Verwaltung autoriséiert gouf néideg ass oder wann d'Sécherheet an de Verkéiersfloss et verlaangen.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels[1]
« 2.4. Le modèle 4 indique que le signal qu'il complète n'est applicable qu'aux jours et heures inscrits. Lorsque le panneau additionnel complète le signal C,18, l'indication des jours et heures peut être suivie de la référence à l'article 102 dans le cadre d'un chantier ou à l'article 166 dans le cadre d'une manifestation. Les illustrations ci-après sont des exemples du modèle 4: »

Artikel 102 – « 1 Lorsque la mise en place ou la bonne marche d’un chantier, ou la sécurité et la fluidité de la circulation à l’occasion d’un chantier sont ou risquent d’être entravées, le stationnement est interdit aux endroits visés, à l’exception du stationnement des véhicules utilisés en relation avec le chantier. Cette interdiction est indiquée par le signal C,18 complété par un panneau additionnel se référant à la présente disposition. Les dispositions de l’article 116 sont, le cas échéant, d’application. »

Artikel 116 – « Tout conducteur d’un véhicule immobilisé, arrêté, stationnant ou parqué en contravention au présent arrêté et aux règlements communaux, est tenu de le déplacer sur première réquisition d’un agent chargé du contrôle de la circulation. Les conducteurs doivent obtempérer aux ordres verbaux y relatifs des agents. »

Artikel 166 – « Le stationnement des véhicules ou animaux est interdit lorsque la mise en place ou la bonne marche d’une manifestation à caractère culturel, sportif ou autre, dûment autorisée par l’autorité compétente, risquent d’être gênées, ou lorsque la sécurité ou la fluidité de la circulation risquent d’être entravées dans le cadre d’une telle manifestation; cette interdiction est indiquée par le signal C,18, les dispositions de l’article 116 étant dans ce cas d’application. »

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zousazschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.