Zigeiner ass den Iwwerbegrëff fir Bevëlkerungsgruppen, déi ethnesch matenee Famill sinn an ursprénglech aus Indien stamen, dunn awer zanter dem 14. Joerhonnert an e puer Migratiounswellen iwwer Westasien an Nordafrika an an Europa koumen. De Begrëff kann haut als pejorativ[1] a mat rassistescher Konnotatioun opgeholl ginn.

Ugeholle Migratioun vun den Zigeiner an Europa

Uganks hu se aus wirtschaftlechen Ursaachen ni laang op enger Plaz gewunnt a waren an Dauermigratioun. De Prozentsaz vun deenen déi heiansdo oder stänneg op der "Rees" sinn hëlt awer ëmmer méi of, weltwäit gëtt en op just nëmme méi 5 % geschat. D'Zigeiner liewen haut an der Majoritéit an de südosteuropäeschen an an e puer mëtteleuropäesche Staaten, souwéi a Spuenien an a Frankräich. Zu Lëtzebuerg sollen et der an der Moyenne eng ronn 300 sinn[2].

Bevëlkerungsgruppen

änneren
 
Déi verschidde Bevëlkerungsgruppen

Bekannt Perséinlechkeeten

änneren

Bekannt Filmer

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. (lb) LOD, „Zigeiner“. lod.lu. Gekuckt den 12.01.2025.
  2. Etüd vum Europarot: "Rezent Migratioun vun Zigeiner an Europa", 10. Dezember 2008