Zickzacklinn
D'Stroossemarkéierung Zickzacklinn verbitt d'Stationéieren op där Plaz.
Fir gewéinlech ass déi Linn op Busarrêten ze fannen. De Code de la route zu Lëtzebuerg erlaabt et dem Stroosseverkéier, deen a Beweegung ass, iwwer déi Linn ze fueren.
Originaltext aus dem Code de la route (Modificatioun vum 23. Mee 2012), Artikel 28 1. n):
Les lignes en zigzag sur le côté de la chaussée; elles indiquent qu'il est interdit de stationner sur la longueur de ces lignes du côté concerné de la chaussée; à la hauteur des arrêts d'autobus, la ligne en zigzag peut être remplacée par les amorces de cette ligne, à condition que le marquage soit complété par l'inscription longitudinale «BUS».