Zeelandbrug

Bréck an Holland

D'Zeelandbrug ass eng Stroossebréck iwwer d'Oosterschelde an der hollännescher Provënz Zeeland. D'Bréck gouf 1965 gebaut an ass 5.022 Meter laang.

Zeelandbrug
Geographie
Land Holland
Koordinaten 51°36'40,0"N, 3°53'23,0"O

Si verbënnt Zierikzee mat Goes.

Et ass eng Dunnebréck a besteet aus 52 Felder déi allkéiers 95 m laang sinn, an um Kapp Zierikzee ass eng Hiefbréck vu 40 Meter Längt mat agebaut fir datt Schëffer mat héije Maste passéiere kënnen.

Si huet eng Héicht iwwer Waasser vu 17 Meter, an ass 11 Meter breet.

Den Tablier gouf am virgespaante Bëtong gebaut.

Op der Säit vu Zierikzee, beim leschte Pilier, ass eng vun de beléiftsten Dauchplazen a Zeeland.

Um Spaweck

änneren
Commons: Zeelandbrug – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Zeelandbréck vu Moriaanshoofd aus gesinn