Zöllner (Moundkrater)
Den Zöllner ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit, westlech vum Sinus Asperitatis. Am Norde läit dee méi klenge Krater Alfraganus an am Nordwesten zeechent sech den ovale Krater Krater Taylor of. Südëstlech läit de Krater Kant.
De Krater Zöllner (lénks uewen) an de Kant (ënne Mëtt), opgeholl vun Apollo 16 | |
Koordinaten | 7°58'12"S, 18°54'0"O |
---|---|
Duerchmiesser | 45,89 km |
Déift | 700 m |
Selenographesch Längt | 341° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ20 |
De Kraterrand vum Zöllner ass en onreegelméissegen Oval mat der gréisster Ausdeenung an Nord-Süd-Richtung. D'Kraterwand ass niddreg an ofgedroen. Um südëstlechen Enn schléisst sech eng verzerrt, kraterähnlech Déift un. De schmuele Kraterbuedem huet en zentrale Bierg.
D'Landeplaz vun Apollo 16 läit zirka 80 Kilometer west-südwestlech vum Kraterrand.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
D | 8,42° S, 17,64° O | 24 km | [1] |
E | 8,84° S, 18,25° O | 5 km | [2] |
F | 7,6° S, 21,96° O | 27 km | [3] |
G | 7,34° S, 20,86° O | 10 km | [4] |
H | 7,13° S, 19,12° O | 7 km | [5] |
J | 6,21° S, 20,67° O | 10 km | [6] |
K | 6,54° S, 20,79° O | 7 km | [7] |