E Yo-Yo (oder Jo-Jo) ass e Spillgezei, dat aus 2 Scheiwe besteet, déi duerch eng Achs verbonne sinn. Un der Achs ass eng Schnouer festgemaach, där hiert anert Enn mat enger Schlauf um Mëttelfanger festgehale gëtt. D'Spill besteet doran, de Yo-Yo sech laanscht déi opgewéckelt Schnouer ofrullen ze loossen. Duerch d'Inertie vun der Rotatioun vun der Achs rullt e sech vum selwen, wann en um Wupp vun der Schnouer ukomm ass, nees op.

e Yo-Yo aus den 1960er Joren
E Jong dee Yo-Yo spillt 440 v. Chr., Antikensammlung Berlin (F 2549)
Eng jonk Damm déi mam Yo-Yo spillt (Berlin, Enn 1920er/uganks 1930er Jorern)

D'Wuert Yo-Yo kënnt aus dem Tagalog. E gëtt, nieft dem Dillendapp, als eent vun den eelste Spillgezeier iwwerhaapt ugesinn. Schonn op antike griichesche Vase vu viru bal 2.500 Joer gëtt et e Bild dovun.

Am 18. Joerhonnert war en a Groussbritannien als bandalore bekannt. D'Fransousen hunn en dunn émigrette genannt. An den 1920er Jore koum en an den USA a Moud, an 1930 huet den Donald Duncan den Numm Yo-Yo als Mark deposéiert a kommerzialiséiert.

Ëm 1962 hat de Yo-Yo e weideren Héichpunkt.

Literatur änneren

  • Le Monde du Yo-Yo (original: Yo-Yo World Trick Buch) Éditions Luc Gachet.

Um Spaweck änneren

Commons: Yo-yos – Biller, Videoen oder Audiodateien