Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Dillendapp ass e Spillgezei a Form vun engem Kegel, dat een op der spatzer Säit ronderëm seng eegen Achs dréine léisst.

En Dillendapp mat Schnouer

Duerch de gyroskopeschen Effet vum Dréine kritt den Dapp seng Stabilitéit. D'Spill besteet doran, en um Dréinen ze halen, datt en net ëmfält.

Den Dillendapp gëtt duerch eng Schnouer oder duerch eng Gäissel ugedréit, andeems d'Schnouer ronderëm den Dapp gewéckelt gëtt, an da lassgezu gëtt. Mat Hëllef vun der Gäissel léisst sech dem Dapp seng Vitess iwwer eng Zäitchen halen.

Et gëtt Zorten Dillendäpp, déi gläichzäiteg Musek spillen.

Um Spaweck änneren

Commons: Dillendapp – Biller, Videoen oder Audiodateien