Yingluck Shinawatra

thailännesch Managerin a Politikerin

D'Yingluck Shinawatra (Thai: ยิ่งลักษณ์ ชินวัตร); gebuer den 21. Juni 1967, ass eng thailännesch Managerin a Politikerin. Si ass déi jéngst Sëschter vum fréieren thailännesche Premierminister Thaksin Shinawatra, deen am Exil lieft.

Yingluck Shinawatra
Gebuer 21. Juni 1967
San Kamphaeng
Nationalitéit Thailand, Serbien
Educatioun Chiang-Mai-Universitéit,
Kentucky State University
Aktivitéit Politiker, Entreprener
Partei Pheu-Thai-Partei
Famill
Bestuet mat Anusorn Amornchat
Papp Lert Shinawatra
Geschwëster Thaksin Shinawatra, Yaowapa Wongsawat

D'Oppositionspartei Pheu-Thai, déi hirem Brudder nosteet, huet si den 1. Mee 2011 als Spëtzekandidatin bei de Parlamentswalen opgesat. Hir Partei huet bei de Wale vum 3. Juni d'absolut Majoritéit erreecht,[1] soudatt si den 8. August, réckwierkend op de 5. August 2011 vum Kinnek zur Premierministesch ernannt gouf.

De 7. Mee 2014 huet d'Verfassungsgeriicht d'Shinawatra an aner thailännesch Ministeren ofgesat. Si krute Korruptioun an Amtsmëssbrauch virgeheit. De Wirtschaftsminister Niwattumrong Boonsongpaisan huet d'Amt iwwerholl, bis eng nei Regierung steet.[2] Dëse gouf sengersäits den 22. Mee duerch e Putsch vun der Arméi ënner dem Generol Prayuth Chan-ocha ofgesat.

Referenzen änneren

  1. Thailand. Armee erkennt Wahlsieg der Opposition an, Spiegel Online, 4. Juli 2011
  2. Thailand court ousts PM Yingluck Shinawatra, bbc.com, 7. Mee 2014](en)