Wollseifen war en Duerf um Plateau vun Dreiborn am haitegen Äifelnationalpark.

Direkt nom Zweete Weltkrich gouf d'Uertschaft vun der brittescher Armé geraumt, fir um Terrain de Camp vu Vogelsang unzeleeën. 1950 koum en an de Besëtz vun der belscher Arméi. Nodeem d'Belsch de Camp opginn huet kann een zanter Enn 2005 op Trëppelpied bis an déi verloossen Uertschaft goen. Net wäit ewech dovu läit déi bekannt Uerdensbuerg Vogelsang, an eng 20 km südwestlech dovun de Camp vun Elsenborn.