Wolfsspur ass ee Buch vun der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Jasmine Braun.

Et war dat éischt Buch dat d'Jasmine Braun am Alter vu 17 Joer publizéiert huet. Et handelt sech dobäi ëm Jugendliteratur. D'Buch ass op Däitsch a fir Kanner a Jugendlecher vun 12 Joer u geduecht. 2011 koum dëst Buch och an Däitschland an de Verkaf an zwar ënner dem Titel Wolfsliebe - Tochter der Wildnis.

Inhalt änneren

Dat jonkt Tikia lieft an de grousse Bëscher a Sibirien. Wéi hatt enges Daags vun der Juegd Heem kënnt, mécht et eng schrecklech Entdeckung: d'Wëllef hunn him seng Grousseltere geholl, seng lescht Familljememberen déi et nach hat. Tikia mécht sech op de Wee an d'Stad well hatt an der Wëldnes net eleng iwwerliewe kann. D'Rees dohin ass awer geféierlech, well et ass extreem kal an et lauere vill Geforen ënnerwee. Du fënnt et och nach ee jonke Wollef dee schwéier verwonnt ass. Kann d'Meedchen trotz sengem Haass op Wëllef dem Déier hëllefen? A wäert hatt an der Stad eens ginn? Eng Geschicht iwwer d'Frëndschaft tëscht engem Meedchen an engem Wollef, déi éischt grouss Léift an d'Erausfuerderung, als Kind der Wildnis an der Stad ze liewen.

Editiounen änneren