De Florence and George Wise Observatory ass en Observatoire vun der Universitéit vun Tel Aviv. Hie steet op engem 875 m héijen Hiwwel, 5 km westlech vun der Stad Mitzpe Ramon an der Negevwüst no beim Ramon-Krater an ass den eenzege reng wëssenschaftlech benotzten Observatoire an Israel.

Florence and George Wise Observatory
Bedreiwer Universitéit vun Tel Aviv
MPC-Code 097
Gegrënnt 1971
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Israel
Koordinaten 30°35'45"N, 34°45'48"O
Héicht 875 m

Den Observatoire ass duerch eng Kooperatioun tëscht der Universitéit an der Smithsonian Institution am Joer 1971 entstanen an ass zu Éiere vum éischte President vun der Universitéit a senger Fra genannt ginn. Hien huet e Spigelteleskop vun der Entreprise Boller and Chivens mat engem Duerchmiesser vu ronn 1 Meter an e klengt 45-cm-Teleskop.

Fuerschungsschwéierpunkten am Wise Observatoire si Supernovaen, d'Sich no Exoplanéiten, souwéi d'Opspiere vun Asteroiden a Koméiten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren