Wirtgen
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Wirtgen ass en däitsche Familljennumm, deen och zu Lëtzebuerg gebräichlech ass.
Den Numm ass d'Diminitvform, resp. den Applellativ („klenge Wirth“) vum mhd. Wuert wirt, dat deemools nieft der Beruffsbezeechnung fir „Wiert“ och „Mann, Haushär oder Buerghär“ heesche konnt. Et kann och op e Flouernumm zeréckgoen (z. B. Wirdgen bei Steenem) woubäi dat en Diminutiv vum mnd. wurt, wort ass (fir Buedem, Haus, Haff oder Gaart, déi agezonkt sinn, oder Gewan oder Maark am Bësch)[1].
Leit mat deem Numm sinn oder waren:
- Charles Wirtgen (1904-1995) , lëtzebuergesche Bauer a Politiker;
- Ferdinand Wirtgen (1906-1982), lëtzebuergesche Jurist; President vum Staatsrot;
- Ferdinand Paul Wirtgen (1848–1924), däitschen Apdikter a Botaniker; Jong vum Philipp Wilhelm Wirtgen;
- Jean-Baptiste Wirtgen, (? - 1834), lëtzebuergesche Wiert a Postmeeschter;
- Nicolas Wirtgen, (1866-1951), lëtzebuergesche Politiker;
- Paul Wirtgen (1963), lëtzebuergeschen Dokter, Member vum Staatsrot;
- Philipp Wilhelm Wirtgen (1806–1870), däitsche Botaniker an Enseignant, Papp vum Ferdinand Paul Wirtgen.
- Tom Wirtgen (* 1996), lëtzebuergesche Vëlossportler.