De Winrich Behr, gebuer den 22. Januar 1918 zu Berlin a gestuerwen de 25. Abrëll 2011 zu Hubbelrath bei Düsseldorf, war en däitsche fréiere Majouer a Panzerkommandant am Zweete Weltkrich, dee besonnesch als Zäitzeien duerch dem Guido Knopp seng TV-Serien, an duerch seng Rapporten a Kommentaren iwwer d'Schluecht vu Stalingrad bekannt ginn ass. De Winrich Behr, een iwwerzeegten Europäer, huet an den 1950er Joren zu Lëtzebuerg gewunnt, wou hien den Informatiounsdéngscht vun der CECA geleet huet.

Winrich Behr
Gebuer 22. Januar 1918
Berlin
Gestuerwen 25. Abrëll 2011
Hubbelrath
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Héije Fonctionnaire, Politiker, Offizéier
Member vun Association Jean Monnet

Seng militäresch Carrière änneren

  • Hie staamt aus enger Offizéiersfamilljen. Den 01.01.1938 gouf hie Läitnant.
  • Als Offizéier vun der 3. Panzer-Divisioun huet de Winrich Behr mat senger Kompanie um Feldzug géint Polen an um Westfeldzug matgemaach.
  • De 15.01.1941 gouf hien an déi 5. liicht motoriséiert Divisioun an Afrika agegliddert. Do ass hien Oberleutnant ginn, gouf als Kompaniechef mam Ritterkräiz ausgezeechent an am Wehrmachtsbericht ernimmt.
  • Den 01.12.1942 ass hien 1. Ordonnanzoffizier am État-major vun der 6. Arméi ginn, déi zu Stalingrad agesat war. Do ass hie vum Generol Friedrich Paulus beopdraagt ginn, fir dem Hitler a sengem Haaptquartéier iwwer déi katastrophal Lag vun der 6. Arméi am Kessel vu Stalingrad Rapport ze maachen an ëm d'Handlungsfräiheet vun der 6. Arméi ze biedelen. Hien hat beim Hitler kee Succès.
  • Bei der Landung vun den Alliéierten an der Normandie war hien als Majouer Stabsoffizéier vun de Genereel Rommel a Model a war och an Holland bei de leschten haarde Schluechten, besonnesch ëm Arnhem dobäi.

De Prënz Bernard vun Holland war nom zweete Weltkrich verdächtegt ginn, an de Verrot un déi Däitsch vun der englescher Loftoperatioun verwéckelt gewiescht ze sinn. Eng schrëftlech, vun engem Nottär confirméiert Erklärung vum Winrich Behr huet dozou beigedroen, fir de Prënz Bernhard z'entlaaschten.

Zivil-Carrière nom Zweete Weltkrich änneren

  • An de fofzeger Jore war de Winrich Behr, een iwwerzeegten Europäer, bei der Haute Autorité zu Lëtzebuerg aktiv, wou hien e Mataarbechter vum Éischte Generalsekretär, dem Max Kohnstamm, an du Kabinettchef vum Franz Etzel war. Hien huet och den Informatiounsdéngscht vun der Héijer Autoritéit geleet.
  • Duerno, vun 1958/59 un, war hien zu Bréissel Vizegeneralsekretär vun der Europäescher Kommissioun.
  • Hie war Éieremember vun der Associatioun Jean Monnet.
  • Zeréck an Däitschland, war hie Manager an enger Partie vun däitschen Entreprisen, ënner anerem Generaldirekter vun der Frankfurter Entreprise Telefonbau und Normalzeit (TN), Lehner & Co (1965-1983) a war och Member vum Vorstand vun der Petrolsgesellschaft Aral. A.G., Bochum (1961-1965).
  • De Winrich Behr huet zeréckgezunn zu Düsseldorf gelieft.

Auszeechnungen änneren

Zitater änneren

  • Am 19. November hatten wir 80 fahrbereite Panzer. Die Russen traten an mit 1200 nagelneuen T 34., Winrich Behr, Staafsoffizéier vun der 6. Arméi
  • Dass Hitler versuchte (no sengem Bericht an der Wolfsschanze), mich als Gesandten von Paulus mit solchen Märchen irrezuführen, machte mir klar – den Mann kannst Du abschreiben, Winrich Behr: Interview am Spiegel (Nr 51/2002)
  • * Je ne vois pas de problème à transférer les politiques étrangères et de sécurité au niveau de l'Europe fédérale, Winrich Behr
  • Il n'y a pas tant de différence entre le président de la Haute Autorité -précurseur de la Commission Européenne - et un Heeresgruppe (groupe d'armée) dans les deux cas, il y a un chef et ses collaborateurs qui doivent lui fournir des solutions dans un temps très court, Winrich Behr

Publikatiounen änneren

  • Behr, Winrich & Hagen, Louis Edmund: Arnhem Lift and the German Version: A Fighting Glider Pilot remembers, 1993, ISBN 0850523753
  • Behr, Winrich: Den Mann kannst Du abschreiben, Interview vun Winrich Behr am Spiegel: 51/2002 - 16.12.2002 iwwer säin Rapport beim Hitler

Literatur änneren

  • Fellgiebel, Walther-Peer: Die Träger des Ritterkreuzes des Eisernen Kreuzes 1939–1945. Friedburg, Germany: Podzun-Pallas, 2000.
  • Mak, Geert: In Europa: Reizen door de Twintigste Eeuw, 2004, holl., Verlag Uigeverij Atlas Amsterdam; ass op Däitsch am Siedler-Verlag erauskomm a gouf och op englesch a franséisch iwwersat. An deem Buch figuréiert och en Interview mam Winrich Behr.

Um Spaweck änneren