Willy Faber

lëtzebueregsche Architekt, Moler a Grafiker
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Will(y) Faber, gebuer 3. Februar 1915 zu Nidderwolz, a gestuerwen 26. November 1999 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebueregsche freischaffenden Architekt, Moler a Grafiker.

Willy Faber
Gebuertsnumm Wilhelm Johann Peter Faber
Gebuer 3. Februar 1915
Nidderwolz
Gestuerwen 26. November 1999
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt, Graphiker, Moler

Dem Faber säi Papp war Beamten a Bürochef op der Arbed. Hien huet säi Studium zu Bréissel op der Académie royale des beaux-arts gemaach.[1] 1939 huet de Faber säin Architekturstudium mat summa cum laude ofgeschloss.[2]

Hien huet eng sëllege Bicher illustréiert,[3] wéi z. B. eng Editioun vun der Maus Ketti (1969), e Buch iwwer de Pafendall (zesumme mam André Hagen a Fernand Thielen).

Literatur

änneren
  • Will Faber: Malerei und Graphik. Saarbrücken: Saarland-Museum, 1971.

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. S. 75. ISBN 2-87963-382-6.
  2. "Lokal-Chronik", Luxemburger Wort, 12. Juli 1939.
  3. Wierker vum an iwwer de Willy Faber op a-z.lu.