Willy De Clercq

belsche Politiker

De Willy De Clercq, gebuer den 8. Juli 1927 zu Gent a gestuerwen och do den 28. Oktober 2011[1] war e belsche liberale Politiker, Member vun der Europäescher Kommissioun an Deputéierten am Europa-Parlament.

Willy De Clercq
Gebuer 8. Juli 1927
Gent
Gestuerwen 28. Oktober 2011
Gent
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser

Den De Clercq huet Droit sutudéiert a gouf Affekot bei der Cour d'appel zu Gent a Professer op der Universitéit Gent an der Vrije Universiteit Brussel. E gouf Member vun der Liberaler Jugend, Gemengerot an Deputéierten. Hie war laang President vun der deemoleger liberaler Partei (Partij voor Vrijheid en Vooruitgang).

Hie war Minister an enger Rëtsch Regierungen: vun 1960 bis 1961 Minister fir de Budget, vun 1966 bis 1968 Vizepremier- a Budgetsminister, vun 1973 bis 1974 Vizepremier a Finanzminister a Vizepremier 1980. Wärend den 1970er Jore war hie President resp. Gouverneur vu verschiddenen internationale wärungspoliteschen Institutiounen.

1979 bis 1981 war den De Clercq Member vum Europäesche Parlament. Vun 1985 bis 1989 war hien an der Kommissioun Delors I europäesche Kommissär fir Handel an Aussepolitik.

1989 gouf en nees an d'Europaparlament gewielt an 1994 an 1999 erëmgewielt (bis 2004).

De 6. Januar 1985 krut den De Clercq den Éierentitel Staatsminister. 2006 gouf hien, zesumme mat senger Fra Fernande Fazzi vum Kinnek zum Vicomte geadelt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Ehemaliger liberaler Minister Willy De Clercq gestorben, BRF online vum 28. Oktober 2011