William Henry Harrison
De William Henry Harrison, gebuer den 9. Februar 1773 op der Familljeproprietéit Berkeley Plantation, am Charles City County, Virginia, a gestuerwen de 4. Abrëll 1841 zu Washington, war een U.S.-amerikanesche Generol, Politiker an den 9. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
William Henry Harrison | |
---|---|
Funktioun | |
9. President vun den USA | |
4. Mäerz 1841 - 4. Abrëll 1841 | |
Virgänger | Martin Van Buren |
Nofollger | John Tyler |
Partei | Whig Party |
Biographie | |
Gebuer | 9. Februar 1773 |
Gestuerwen |
4. Abrëll 1841 Wäisst Haus |
Educatioun | University of Pennsylvania |
Bestuet mat | Anna Harrison |
De 4. Abrëll 1841, nodeem hie knapps ee Mount President war, ass hien un enger Longenentzündung gestuerwen. Domat ass hien den éischte President dee wärend senger Amtszäit gestuerwen ass a bis elo dee mat der kierzter Presidence.
Hie war och de leschte President dee virun der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung vun 1776 gebuer war a bis zum Ronald Reagan, den eelste gewielte President.
Um Spaweck
ännerenCommons: William Henry Harrison – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De President Harrison op der Websäit vum Wäissen Haus